Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine

lëtzebuergesche Jurist a Politiker, éischte Regierungspresident vu Lëtzebuerg.

De Gaspard-Théodore-Ignace (genannt: Théodore)[1] de la Fontaine, gebuer de 6. Januar 1787 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 11. Februar 1871, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine
Gebuer 6. Januar 1787
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. Februar 1871
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Affekot
Partei keng
Famill
Bestuet mat Joséphine Francq
Kanner Edmond de la Fontaine, Alphonse de la Fontaine, Léon de la Fontaine
Den Théodore de la Fontaine

Vun 1807 bis 1810 huet den Théodore de la Fontaine Droit zu Paräis studéiert a gouf am selwechte Joer Affekot um Barreau an der Stad Lëtzebuerg.

Politesch Karriär

änneren

1816 gouf hie Member vun den États provinciaux. Wéi d'Belsch Revolutioun ausgebrach ass, stoung hien op der Säit vum Wëllem I. vun Holland a war an der Regierungskommissioun, déi d'Stad Lëtzebuerg kontrolléiert.

Vun 1841-1848 war hie Gouverneur vum Grand-Duché. Den 1. August 1848 gouf hien deen éischte Regierungspresident vu Lëtzebuerg, a war gläichzäiteg fir d'Aussebezéiungen, d'Justiz an de Kultus zoustänneg. Mä schonn den 2. Dezember fält d'Regierung.

Den de la Fontaine war vun 1849 bis 1851 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Den 28. November 1857 gouf hie President vum nei gegrënnte Staatsrot, a blouf dat bis den 10. Abrëll 1868[2].

1871 ass den de la Fontaine an der Stad Lëtzebuerg a senger Wunneng um Knuedler gestuerwen. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Hien huet sech de 25. Juni 1816 (net 1815, wéi een sou dacks liest) zu Déifferdang mat der Joséphine Francq bestuet. D'Hochzäitsmass war dee selwechten Dag an der Parkierch zu Uewerkuer.[3]

Hien ass de Papp vum:

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: De la Fontaine (Famill).

Den Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[4]

Gielercher

änneren

Éierung

änneren

Fir un den de la Fontaine z'erënneren, gouf eng Strooss um Lampertsbierg no him genannt: d'Rue Ignace de la Fontaine.

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. Kuck z. B.: Arrêté royal grand-ducal, du 8 juin 1842, concernant la nomination du Gouverneur du Grand-Duché. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1842, N° 35, S. 393.
  2. Lëscht vun de Presidente vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert de(n) 23.09.2015. Gekuckt de(n) 21.01.2013.
  3. A. Logelin-Simon: Le mariage des parents d'Edmond de la Fontaine. In: Galerie 27(2009), No 3, S. 427-433.
  4. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 11.04.2023.
  5. Dem Theodore Fontaine seng Auszeechnungen op luxemburgensia.bnl.lu