Gemeng Diddeleng
D'Gemeng Diddeleng ass eng vun den 100 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Diddeleng vun där se och hiren Numm huet.
Diddeleng | |
---|---|
d'Gemengenhaus vun Diddeleng | |
An anere Sproochen |
fr: Dudelange de: Düdelingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Esch-Uelzecht |
Buergermeeschter | Dan Biancalana (LSAP) |
Awunner | 22.043 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.138 ha |
Héicht | 298 m |
Koordinaten |
49° 28’ 56’’ N 06° 05’ 04’’ O |
LAU-Code | LU0203 |
Websäit | https://www.dudelange.lu/ |
Quartieren a Sektiounen
ännerenGeographie
ännerenDiddeleng läit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaséng um Bord vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.
De Süde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Héichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden an Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander an der Uelzecht.
Topographie
ännerenAm Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ëmlafbierg, mat enger Héicht vu 405 m, op deem Reschter vun enger Buergruin a réimescher Festung ze fanne sinn.
Den héchste Punkt ass op der Grenz vun Téiteng um Kalebierg op 435 m.
Eng besser bekannt héich Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m (NG-L) huet, an ënner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTLs-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.
Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.
Nopeschuertschaften
ännerenZu Lëtzebuerg: Helleng, Beetebuerg, Näerzeng, Keel an Téiteng
A Frankräich: Wuelmereng, Kanfen, Zoufftgen an Hoen
Geschicht
ännerenDuerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Diddeleng den Titel "Stad". Mat deem Gesetz ginn déi zwee fréier Dierfer Biereng a Butschebuerg an d'Stad mat iwwerholl a sinn haut Quartiere vun Diddeleng.
D'Geschicht vun Diddeleng ass staark markéiert vun der industrieller Entwécklung am Minett. Gläich an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert war Diddeleng eng Héichbuerg vun der Stolfabrikatioun. Et war eng grouss Schmelz mat Héichiewen, engem Stolwierk an engem Walzwierk opgeriicht ginn, mat spéider niewendrun enger Galvaniséierungsanlag, enger Sauerstoffanlag, a mat der Gare Diddeleng-Schmelz fir déi fäerdeg Produkter op Zich ze verlueden. De Schinnequai ass haut nach ee Begrëff fir all Diddelenger.
Ëm 1882 hunn d'Patrone vun der Diddelenger Schmelz den Optrag ginn fir eng Zillebäckerei opzeriichten, well si Zille gebraucht hu fir hir Hangaren, Atelieren a Kamäiner ze bauen, an awer och fir d'Aarbechterhaiser an de Kolonie wéi am Brill an der Hondsgaass (rue du Travail), an an der Lachegaass (rue de Zoufftgen). Déi Fabrick gouf vun engem belschen Industriellen dem Victor Tassin opgeriicht op der Plaz déi haut de Quartier Wolkeschdall ass.
No der Restrukturéierung vun der ARBED an den 1980er Joren ass nëmme méi ee kaalt Walzwierk an eng Beschichtungsanlag iwwreg bliwwen.
Duerno hu sech zu Diddeleng a ronderëm kleng, mëttel an och e puer méi grouss Industrien niddergelooss sou wéi Giebel, Husky, a Luxguard.
Wopen
ännerenBeschreiwung am Originaltext: D'or au lion de sable |
Entwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenQuell:STATEC
Politik
ännerenDe Gemengerot vun Diddeleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 19 (bis 2011: 17, bis 1999: 15) Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
Joer | ADR | CSV | gréng | Lénk | LSAP | DP |
---|---|---|---|---|---|---|
1999 | 1 | 2 | 1 | - | 11 | - |
2005 | 0 | 4 | 2 | - | 11 | - |
2011 | 1 | 3 | 2 | 1 | 10 | - |
2017 | 1 | 5 | 2 | 1 | 10 | - |
2023 | 1 | 4 | 2 | 1 | 10 | 1 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
änneren
|
|
|
Kuckeswäertes
änneren- Naturpark Haard
- Gehaansbierg
- Buergruinen
- Aussiichtstuerm mat Plattform op 16 Meter Héicht
- Gehaanskapell
- D'Kierch St. Martin an déi restauréiert Stahlhut Uergel vun 1912
- D'Lukaskapell vu Butschebuerg
- D'Jousefskapell vu Biereng
- D'Eligiuskapell vun Diddeleng
- Den 285 Meter héijen Antennepotto vun RTL um Ginzebierg
- De Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten
- Waassertuerm + Pomhouse, fréier Infrastrukture vun der Schmelz, déi zu engem Fotosmusée ëmgebaut goufen
Bekannt Diddelenger
änneren- Andy Bausch, Filmregisseur
- Benny Berg, Politiker
- Nic Biever, Politiker
- Alex Bodry, Politiker
- Roland Bombardella, Liichtathleetik-Sportler an Offizéier
- Mars Di Bartolomeo, Politiker
- Pierre Cao, Komponist an Dirigent
- Colette Flesch, Politikerin a Fechterin
- Jean Fohrmann, Buergermeeschter, Papp vun der Marthe Bigelbach-Fohrmann a Grousspapp vum Alex Bodry
- Roger Gilson, Vëlossportler
- Germaine Goetzinger, Literaturwëssenschaftlerin
- Jean Hengen, Äerzbeschof
- Erna Hennicot-Schoepges, Politikerin
- Nic Hoffmann, Geschäftsmann a Gemengerot, bekannt als den Zockernicki
- Dominique Lang, Moler
- Fleur Maxwell, Äiskonschtleeferin
- Ernest Mengel, Foussballspiller an Olympionik
- Florian Mengel, Foussballspiller
- Wenzel Profant, Resistenzler, Moler a Sculpteur
- Jos Romersa, Turner
- Etienne Schneider, Politiker
- Edy Schütz, Vëlossportler
- Andrée Viénot, franséisch Politikerin (Duechter vum Émile Mayrisch)
Partnerschafte mat auslännesche Stied
änneren- Lauenburg/Elbe an Däitschland, zanter 1958, ([1])
- Manom a Frankräich, zanter 1958, ([2])
- Lebork a Polen, zanter dem 29. September 2001, ([3])
- Feltre an Italien
- Arganil a Portugal
Interkommunal Syndikater
ännerenD'Gemeng Diddeleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Literatur zum Theema
änneren- 100 Joer Diddeleng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 286 vum 8. Dezember 2007, 24 S.
Kuckt och
änneren- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Diddeleng
- F91 Diddeleng
- Centre de documentation sur les migrations humaines
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
ännerenCommons: Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert de(n) 28.03.2016. Gekuckt de(n) 05.11.2015.