Gemeng Hesper
D'Gemeng Hesper ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Hesper vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Hesper | |
---|---|
d'Märei zu Hesper | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hesperange de: Hesperingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Lëtzebuerg |
Chef-lieu | Hesper |
Buergermeeschter | Marc Lies (CSV) |
Awunner | 16.836 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.722 ha |
Héicht | 255 m |
Koordinaten |
49° 34’ 15’’ N 06° 09’ 05’’ O |
LAU-Code | LU0303 |
Websäit | http://www.hesperange.lu/ |
Zu der Gemeng Hesper gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geschicht
ännerenD'Gemeng Hesper gouf 1795 ënner dem franséische Regime ageriicht an huet deemools aus de Sektiounen Hesper an Izeg bestanen. Den 2. Januar 1853 hu sech dunn d'Gemengen Alzeng an Hesper zesummegedoe fir déi haiteg Gemeng ze bilden. Tëscht 1795 an 1802 war Hesper Chef-lieu vun engem Kanton[2] mat Friddensgeriicht, an tëscht 1818 an 1831 nach eng Kéier ënner dem Wëllem I.
An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert huet d'Gemeng, sou wéi vill anerer e wirtschaftlechen an industriellen Opschwong gehat, a war eng Zäit laang un zwou Eisebunnsstrecken ugeschloss, an zwar vun 1822 bis 1955 un d'Sekundärstreck Lëtzebuerg-Réimech mat Garen zu Hesper an zu Alzeng, an un d'Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg mat enger Gare zu Fenteng déi vun 1859 bis 1877 a Betrib war.
De 16. September 1992 gouf um Terrain vum fréieren Urbéngs-Schlass dat neit Gemengenhaus mat engem Areal vun 13 ha Gréngflächen ageweit.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenQuell:STATEC
Wopen
ännerenBeschreiwung am Originaltext: Fascé d'or et d'Azur de six pièces à la bande de gueules brochante, accompagnée en chef d'une tour crénelée d'argent, maçonnée de sable, et en pointe d'une fleur de lis aussi d'argent. |
Politik
ännerenDe Gemengerot vun Hesper gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 15 Conseilleren zesummen, an zanter 2023 aus 17.
No de Gemengewalen 2023 hat d'CSV hir 8 Sëtz zwar behalen, hat awer keng absolut Majoritéit méi, well d'Zuel vun de Conseillere vu 15 op 17 eropgesat gouf. Et koum dunn zu enger CSV-DP-Koalitioun[3].
Zesummesetzung
ännerenD'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP | Lénk | PPL |
---|---|---|---|---|---|---|
1999 | 7 | 5 | 1 | 1 | 0 | - |
2005 | 6 | 4 | 3 | 2 | - | - |
2011 | 7 | 4 | 3 | 1 | 0 | - |
2017 | 8 | 3 | 3 | 1 | 0 | - |
2023 | 8 | 4 | 3 | 1 | - | 1 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1844: Dominique Stifft[4]
- ...
- 1975 - 1999: Alphonse Theis (CSV)
- 1999 - 2008: Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen (CSV)
- 2009 - haut: Marc Lies (CSV)
Partnerschaft mat enger auslännescher Stad
ännerenBekannt Hesper Leit
änneren- Albert Bousser (1906-1995), Eisebunner, Gewerkschaftler a Politiker
- Adolphe Deville (1935-2022), Sculpteur
- Jempy Engel (1904-1960), Vëlossportler
- Nicolas Engel (1902-1946), Vëlossportler
- Georges Heisbourg, (1918-2008), Resistenzler, Diplomat an Auteur
- Victor Kremer (1932-2010), Schéisser an Olympionik
- Claude Lamberty (*1976), Enseignant a Politiker
- Roger Manderscheid (1933-2010), Schrëftsteller an Dréibuchauteur
- Josy Polfer (1929-1976), Vëlossportler an Olympionik
- Fernand Rau (1940-1994), Ekonomist a Politiker
- Othon Scholer, (1929-2015), Philolog, Professer an Auteur
- Tuffy Speicher (1909-1982), Foussballspiller an Olympionik
- Emmanuel Tesch (1920-2011), Chimiesingenieur a Manager
- Charles Waringo, (1920-2015) Gewerkschaftler, Lokalpolitiker an Auteur
Kuckeswäertes
änneren- De Park bei der Gemeng zu Hesper
- Sprangbuer vun der Manon Bertrand
- D'Buerg Hesper
- D'Skulptur La Nageuse vum Lucien Wercollier am Hall vum Gemengenhaus
- De Stade Albert-Kongs vum FC Blo-Wäiss Izeg
- Den Holleschbierg mam Sportzenter a mam Stade Alphonse Theis
- De Kéibuer mat sengen zwou bemierkenswäerte Buchen
Veräiner
änneren- De Klima- an Ëmweltveräi vun Hesper, KlimaWelt
- De Foussballveräi vun Hesper, FC Swift Hesper
- De Foussballveräi vun Izeg, FC Blo-Wäiss Izeg
- De Basketveräi vun Hesper, BBC Telstar Hesper
- Den Tennisveräi vum Houwald, TC Howald
- D'Société de tir aux armes sportives de Hesperange
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Hesper – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Roland Schumacher, in: Fédération Nationale de la Mutualité Luxembourgeoise, brochure de l'Assemblée Générale Statuaire 1996 (samedi, 27 avril 1996, salle "Amiperas" à Hesperange), Luxembourg 1996, S. 4 (leicht korrigierte Fassung).
- ↑ (de)In diesen Gemeinden stehen die Schöffenräte bereits fest. luxemburger-wort-online. wort.lu (20.06.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ https://www.sias.lu/de/