Hei stinn déi Schabloune mat 5 bis 6 "Teaseren", wéi se viru Juli 2020 am Wochenturnus automatesch an an der "Vitrinn" op der Haaptsäit presentéiert goufen. D'Zuel am Numm entsprécht där vun der Kalennerwoch, déi mam Code "{{CURRENTWEEK}}" agesat gouf. Ablécklech wier dat z. B. d'Schabloun:WDS 52.
Dës Schabloune ginn net méi gebraucht; ewell ass eng pro Dag, déi mam Code {{CURRENTDAY}} {{CURRENTMONTH}} agesat gëtt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Haaptsäit/WDS.
... d'Erfindung vum Timber et mat sech bruecht huet, datt net méi deen, deen e Bréif kritt, mä deen, deen e fortschéckt, de Porto huet misse bezuelen?
... de Mathias Hardt (1809-1877) mat sengem Vocalismus der Sauermundart (1834) déi éischt wëssenschaftlech Beschreiwung vum Lëtzebuergesche gemaach huet?
… bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 d'Resistenzgruppen d'Lëtzebuerger majoritär dovun iwwerzeegt kruten, bei verfängleche Froen iwwer Mammesprooch a "Volkszugehörigkeit" mat "Lëtzebuergesch" amplaz, wéi praktesch virgeschriwwen, mat "deutsch" z'äntwerten?
… et verschidden Theorien iwwer den Ënnergang vun der Minoescher Kultur ginn, wouvun déi gängegst e Vulkanausbroch op der Insel Thira dofir verantwortlech mécht?
... bei der Krispines-Kapell, och Péiter Onrou genannt, um Lampertsbierg et bis virun net all ze laanger Zäit de Brauch gouf, Käerze mat dragepickte Spéngelen ofzebrennen, fir datt Männer, déi ontrei waren, solle "bestrooft" ginn?
... op de Fënstere vun der Kierch Zowaasch verschidde Memberen aus der Grofefamill Saintignon an aner Stëfter vun der Kierch als Helleger duergestallt sinn?
... d'Kar keng klassesch Fruuchtzort ass, déi et schonn an der Antiquitéit gouf, mä villméi eréischt virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessefelder vu Klengasien opkoum, wou et da mat rekoltéiert gouf?
... den Tevita Momoedonu aus Fidschi alt the Five Minute Prime Minister genannt gëtt, well en 2000 zweemol (wärend e puer Minutten) an 2001 (wärend zwéin Deeg) Premierminister war?
… et iwwer 30 Joer no Wien a München och an der lëtzebuergescher Konschtszeen zu enger Sezessioun koum, déi der moderner Molerei zum Duerchbroch verhollef huet?
... d'Land Cap Vert säin Numm vun engem Kap 500 km wäit ewech zu Dakar am Senegal huet, dat den Inselen hiren Numm ginn huet?
... et bei der Lëtzebuerg-Kris1867 drëms goung, datt Lëtzebuerg u Frankräich verkaf sollt ginn?
... wéinst der Technikbegeeschterung an den 1960er Joren e Basketballveräin, de BBC Telstar Hesper, nom Kommunikatiounssatellit Telstar genannt gi war?
... e Pingo eng Knupp oder en Hiwwel ass, deen am Permafraschtbuedem ze fannen ass, an aus engem Kär vun Äis besteet, iwwer deem sech de Buedem wëlleft?
... bei der Renovéierung vum Goteschen Haus zu Iechternach de Giewel nëmmen do stoe gelooss gouf, wou z'erkenne war, wéi d'Haus uersprénglech war?
... den Thomas Chippendale (1718-1779) en englesche Konscht- a Miwwelschräiner war, no dem den Chippendale-Stil benannt ass?
... de Codex Mariendalensis, eng spéitmëttelalterlech Handschrëft iwwer d'Geschicht vun der Yolanda vu Veianen, joerzéngtelaang als verluer gegollt huet, ier en 1999 erëmfonnt gouf?
... d'Sowjetunioun, fir de Westen an d'Ier ze féieren, hire Kosmodrom bei Tjuratam no der Uertschaft Baikonur genannt huet, déi iwwer 300 km vun do ewechlouch?
... de Lëtzebuerger René Arend d'Chicken McNuggets an de McRib, zwéi McDonald's Produiten, kreéiert huet?
... de 50-Eurobilljee deen am meeschte gebrauchte Geldschäin an der Eurozon ass? Den 1. Januar 2018 waren 9.826.239.828 Exemplairen dovun am Ëmlaf. Duerno kommen dee vun 20 an dee vun 10 Euro.
... Neutral-Moresnet tëscht 1815 an 1919 en neutralen Territoire war, eng 65 km nërdlech vu Lëtzebuerg, well Preisen op der enger Säit, Holland an duerno d'Belsch op der anerer, sech net eens goufe wien e kréich?
... de Vincent Wiesenbach (1880-1911), den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin, 1911 mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt ass?
... et beim lëtzebuergesche Schoulgesetz vun 1912 zu engem gudden Deel drëm goung, d'Muecht vun der Kathoulescher Kierch an de Primärschoulen anzeschränken, wat déi Jore virdrun zu heftegen Ausernanersetzungen tëscht Lénks- a Rietsparteie gefouert hat?
... de Groussherzogleche Palais an der Mëtt vum 19. Joerhonnert eng Zort administrativen Allzweckbau war, wou nieft dem Kinnek-Groussherzog oder sengem Statthalter, déi do periodesch residéiert hunn, d'Regierung, d'Parlament, a vun 1858 un, de Staatsrot hire Sëtz haten, an och nach eng archeologesch Sammlung dran ënnerbruecht war?
... de Stadpark vun Esch-Uelzecht 1911 um Hank vum Gaalgebierg ugeluecht gouf, well den Escher Bësch, wou d'Leit soss an d'Gréngs trëppele goungen, bal ganz ofgeholzt gi war, fir do d'Adolf-Emil-Hütte ze bauen?
... de Peschtvull sou genannt gëtt, well fréier säi sporadescht a mysteriéist Opdauchen a Mëtteleuropa als e schlecht Omen ugesi gouf?
... de Medezinner a Cheemiker Henri-Jean-Népomucène Crantz vu Rued (1722-1792) fir seng Fuerschungen an der Hygiène fir Hiewane vum Jousef II. geadelt gouf?
... d'Uewerfläch vum Doudege Mier ronn 400 m ënnert dem Mieresspigel ass?
... op der Pallett vum Narmer, an enger vun deenen alleréischten hieroglypheschen Inskriptiounen iwwerhaapt, d'Vereenegung vun Ënner- mat Ueweregypten duerch den Narmer duergestallt gëtt?
... "Sequoiaen" wuel dat eenzegt Wuert am Lëtzebuergeschen ass, bei deem all 5 Vokaler hannerenee stinn?
... d'Wollefsschlucht bei Iechternach hiren Numm 1881 vun engem vun den éischten Touristen, déi doduerch gefouert goufen, krut, dee se mat der "Wolfsschlucht" aus dem Carl Maria von Weber sengem Freischütz verglach huet?
... beim Waasserball d'Feldspiller de Ball mat all Kierperdeel spille kënnen, just net mat den zwou Hänn gläichzäiteg?
… deen éischte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner op enger Olympiad de Michel Théato war, an zwar 1900 zu Paräis am Marathon-Laf?
... Island souwuel op der nordamerikanescher wéi der europäescher Lithosphärplack läit?
… den Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg uganks der 1960er Joren ugeluecht gouf, fir eng Ofwaasserleitung aus dem Péitrussdall mam Pafendall ze verbannen?
... d'Walnut Lane Bridge zu Philadelphia (Foto) eng Kopie aus arméiertem Bëtong vun der Neier Bréck (Adolphe-Bréck) an der Stad Lëtzebuerg ass?
... de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?
... ronn all zweete Vietnamees mam Familljennumm Nguyễn heescht?
... den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwe Mammutaart ass, déi sech op eng Insel zeréckgezunn hat, an do am Laf vun der Evolutioun aus Manktem u Fudder ëmmer méi kleng gouf?
... d'lëtzebuergesch Schauspillerin Germaine Damar duerch de Film Die Beine von Dolores an Argentinien esou bekannt gouf, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eege Televisiounsemissioun hat?
... de Saz "Play it again, Sam!" esou net am Film Casablanca (1942) virkënnt?
... d'Mundaneum vum Belsch Paul Otlet (1868-1944) eng Zort Multimedia-Archiv war, dat un e bibliographesch-enzyklopedesche Repertoire gekoppelt war, an haut als eng "analog Sichmaschinn" vum Wësse vun der Welt ugesi gëtt?
… de Sender 1212 e Radiosprogramm an däitscher Sprooch war, dee vum Dezember 1944 bis Krichsenn vum amerikanesche militäresche Geheimdéngscht als "schwaarz Propaganda" nuets iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg ausgestraalt gouf?
... d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg sou genannt gëtt, well et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den Dräi Kinneken iwwer der Dier hänken hat?
... de Basiliscus plumifrons, eng Eidechsenaart, op Franséisch och lézard Jésus-Christ genannt gëtt, well en, fir senge Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafe kann?
... deen éischte lëtzebuergesche Geldschäin 1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der BIL?
... der UNESCO no e Buch op d'mannst 49 Säiten (ouni den Deckel) muss hunn?
... am Joer 1957 an der Stengeforter Schmelz 10.041 Tonne Phenol produzéiert goufen?
... d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
… am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
... d'Doudesstrof zu Lëtzebuerg fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert gouf, 1979 per Gesetz ofgeschaaft gouf an 1999 an der Verfassung festgehale gouf, datt se net méi agefouert kéint ginn?
... Baarle-Hertog, eng belsch Gemeng, ë. a. aus 20 Exklave besteet, déi an Holland leien, an deenen hirersäits 7 hollännesch Enklave sinn?
... den Émile Servais (1847-1928) den 9. Januar 1919 zum President vun der Republik Lëtzebuerg designéiert gi war, ier den Dag drop franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gemaach hunn?
... d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
... "Ketty Maus" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
… am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?
... d'Bisamrat keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?
... D'Ro'd Wullmaus eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a Karikaturen och alt de Prozess gemaach krut?
... d'Zuel vun de Supermarchéën zu Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2016 vun 42 op 106 eropgaangen ass?
...Rio de Janeiro iertemlech no engem "Januar-Floss" genannt gouf, deen et awer net gëtt?
... den 18. Mee1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup groussjäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?
... dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?
… de Meuse-Musel-Kanal e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'Ardennen, Léck hätt solle mat Waasserbëlleg verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?
... de Prix Grand-Duc Adolphe e Konschtpräis ass, deen zu Lëtzebuerg zanter 1902 all zwee Joer (virun 1995: meeschtens all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) ausgestallt hunn?
...de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
... d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
... d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?
… d'Helen Buchholtz (1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
... zu San Marino d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?
…d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
• ... Basalt d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
• … déi sougenannt Offiziell Lëtzebuerger Orthographie déi éischt gesetzlech festgeluechte Schreifweis vum Lëtzebuergesche war, déi 1946 agefouert gouf, awer sou gutt wéi vu kengem benotzt a schonn 1950 duerch déi vum Luxemburger Wörterbuch ersat gouf, wat awer eréischt gesetzlech 1975 festgehale ginn ass?
... de Mitock (Upupa epops) op Lëtzebuergesch och nach Wuppert, Butbutt, Buddert, Buddebutt, Bëschbuppert, Sténkert, Drecksvull, Riffer, Ruppert, Hupp-Hupp oder Witapp genannt gëtt?
... de Konschtturner Josy Stoffel vun 1949 bis 1964 ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turne war an u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl huet?
• ... de Meter1793 als den 10-milliounsten Deel vun der Distanz vum Pol bis bei den Equator vum Äerdmeridian, op deem Paräis läit, definéiert gouf, an e Prototyp vun dësem Meter 1795 a Messeng gegoss gouf?
... d'Schluecht vu Valmy zwar keng eendeiteg taktesch Resultater ervirbruecht huet, mä e grousse symbolesche Wäert hat, well se als déi éischt franséisch Victoire no der Franséischer Revolutioun gefeiert gouf?
... de lëtzebuergesche Schauspiller Joseph Noerden tëscht 1949 an 1953 am Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble gespillt huet?
… de Ciné Kursaal vu Rëmeleng, och nach den Ale Kino genannt, deen eelste Kino zu Lëtzebuerg ass, deen nach haut a Betrib ass?
… den Edouard Luja (1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden, eng 130 bis dohin onbekannt Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvun der eng Partie säin Numm kruten, z. B. d'Acacia Lujaei oder d'Eulophia Lujaeana?
... de Milbekéis eng Spezialitéit aus Sachsen-Anhalt ass, deen duerch d'Exkrementer vun e puer Millioune Milben, déi drop sëtzen, zeideg gëtt, a sou säin typesche Goût kritt?
... de Var dat eenzegt franséischt Departement ass, dat no engem Floss genannt ass (dem Var), deen hautdesdaags guer net derduerchleeft?
... op de Baupläng vun der Rouder Bréck zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?
… um Mosaik vu Viichten, dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?
... de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
… de Begrëff "Télécran" fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four fir den englesche Begrëff telescreen gebraucht gouf?
... op der Nordsäit vun der Pyramid vum Kukulcán, wärend der Equinoxe, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, dass et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?
… d'Regierung Mongenast zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?
... Kraków (Krakau) vun 1038 bis 1609 d'Haapt- a Kinneksstad vu Polen war?
... d'Kierchtierm vun der 1858 gebauter Kierch St. Alphonse ("Paterekierch") an der Stad Lëtzebuerg, sou niddreg sinn, well se no bei der Festungsmauer stoungen a soss eng giedeleg Zilscheif gi wieren, wa se méi héich gewiescht wieren?
... de lëtzebuergesche Metallurg William J. Kroll (1889 - 1973) ë. a. deen no him genannte "Kroll-Prozess" entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?
... d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?
... deen éischte Long métrage op Lëtzebuergesch Wat huet e gesot? geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?
... de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?
... d'Uertschaft Gréiwels fréier Nei-Brasilien housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a Brasilien auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?
... den Zolwerknapp en Zeiebierg ass; d. h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?
… de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesende Guillaume Capus (1857-1939) annerhallwe Mount am Norde vum Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op Interventioun vum Vizekinnek vun Indien fräikomm ass?
... den Zoo vun Antwerpen schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?
… de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
... op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
… zu Keel op der Léiffrächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?
... dat eelst Dokument am Besëtz vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8 Joerhonnert ass, dat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut?
… de Codex Aureus Epternacensis, d'Gëllen Evangeliebuch vun Iechternach (entstanen 1030-1050), 1955 zu Verkaf stoung, mä de Lëtzebuerger Staat en deemools net kafe wollt oder konnt, an en sou an de Germanische Nationalmuseum zu Nürnberg koum, wou en haut nach ass?
... en Dag op der Venus méi laang dauert wéi e Venus-Joer? Se brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn, mä hirer 243 fir eng Rotatioun ëm hir eegen Achs.
... mat "Mutz vum Monomach", engem russesche Kascht a Form vun der traditioneller Kroun vun de Groussfürsten an den éischten Zaren, souwuel eng Fleesch-Mayonnaise-Zalot wéi och e Friichtekuch gemengt ka sinn?
... de Bernard Molitor (1755-1833) e lëtzebuergesche Konschtschräiner war, dee sech zu Paräis en Numm gemaach hat, an zäitweileg Fournisseur de la Cour impériale war?
... Luxembourgit e Mineral ass, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf?
... de Magnum bullarium romanum, eng vun de véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht, déi vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur André Chevalier erauskoum, dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht war?
... Ashcan (d. h. Dreckskëscht) de Codenumm fir en alliéiert Gefaangelager zu Bad Munneref am Palace-Hôtel war, an deem am Summer 1945 all déi bis dohi gefaangen héichrangeg Nazien an däitsch Militär souzen, fir verhéiert ze ginn?
... de Menhir vu Recken joerhonnertelaang ëmgekippt do louch, ier en 1978 als sollechen erkannt an an de Joren dono nees opgeriicht gouf?
... 2001 fir de Film Secret Passage zu Esch-Uelzecht, op der Industriebrooch vun Terre-Rouge, eng iwwer 6 Hektar grouss Kuliss vu Venedeg am 15. Joerhonnert an Originalgréisst, inklusiv de Kanäl, opgebaut gouf?
… de Michel Gloesener vun Uewerkäerjeng d'Reversibilitéit vun der Induktioun am Dynamo erkannt huet an domat de Grondstee fir den elektresche Motor geluecht huet?
... de lëtzebuergesch-belsche Botaniker Jean Linden (1817-1898) mat deen éischte war, deen an Europa Orchideeë geziicht huet an dës am grousse Stil kommerzialiséiert huet?
... vun der 1. Oplo vum Michel Rodange sengem Renert no 30 Joer just 313 Exemplairë verkaaft gi waren?
… 1946 an der franséischer Regierung vum Georges Bidault gläich zwéi Regierungsmembere waren, déi zu Lëtzebuerg gebuer waren, nämlech d'Andrée Viénot an de Robert Schuman?
… d'Musel viru laanger Zäit an d'Meuse gelaf ass, an an deem Bett wou se haut leeft d'Meurthe gelaf ass?
... den Dollar säin Numm vun der Uertschaft Sankt Joachimsthal hier huet, déi haut Jáchymov heescht?
... d'Traditioun, d'Bierger an d'Krateren um Mound no bekannten Astronomen a Wëssenschaftler ze nennen, vum Francesco Maria Grimaldi (1618-1663) agefouert gouf?
... Jéinesch (oder Lakerschmus), d'Sprooch vun de Jéinen, bis ufanks vum 20. Joerhonnert vu Weimeschkiercher Händlerfamille geschwat gouf?
... d'Ionesch Revolt 500/499 v. Chr. en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser war?
... vun den iwwer 40 sougenannte Spueneschen Tiermercher, déi et an der Stad Lëtzebuerg gouf, der just nach 9 bis haut existéieren, resp. nees opgebaut goufen?
... d'Lise Rischard (geb. Meyer, 1868-1940) am Éischte Weltkrich den Englänner Informatiounen iwwer däitsch Truppentransporter an der Stater Gare zoukomme gelooss huet, andeems dës kodéiert an engem Fortsetzungsroman an der Zäitschrëft Der Landwirt publizéiert goufen?
... fir de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Esch-Belval) 1909 praktesch dee ganzen 92 ha groussen Escher Bësch ofgeholzt ginn ass?
… een an der Whirlpool-Galaxie (Messier 51 oder NGC 5194/5195), eng Spiralgalaxie am StärebildCanes Venatici, eng äusserst aktiv Stäregebuert observéiere kann?
… d'Berwart-Schlass zu Esch-Uelzecht 1954 ofgerappt gouf, fir 1956 als Kuliss fir d'Feierlechkeete vum Cinquantenaire nees fir kuerz Zäit opgeriicht ze ginn?
... d'Bundesamt für Seeschifffahrt und Hydrographie zu Hamburg déi gréisst Sammlung vu Fläscheposten op der Welt huet?
… et zu Lëtzebuerg zwéi Vëlossportler mam Numm Nicolas Frantz gouf, woubäi een dovun, den Nicolas Frantz II, bei enger Course no enger Chute vun engem Auto iwwerrannt gouf, wéi e probéiert hat, säi Cousin mam nämmlechten Numm an zweemolegen Tour-de-France-Gewënner, z'iwwerhuelen?
… Ronnschwanzséikéi (Trichechidae, och „Manati“ genannt) dacks ronderëm Elektrizitéitswierker ze fanne sinn, well do d'Waasser méi waarm ass a se mëttlerweil ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt gi sinn an opgehalen hunn, a méi waarm Gewässer ze wanderen?
… de belsche Kinnek Baudouin am Abrëll 1990 fir 36 Stonnen als net am Stand, ze regéieren erkläert gouf?
… nodeem dem Minettstram säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit duerno nach als Büro fir déi theoreetesch Fürerschäiprüfung benotzt ginn ass?
… d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
… d'Désirée Nosbusch scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
… d'Luxemburger Zeitung tëscht 1902 an 1940 zweemol am Dag eng nei Editioun erausbruecht huet?
... de lëtzebuergesche Moler Jean Jacoby (1891-1936) zweemol, 1924 an 1928, d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen huet?
... Halloween op e Karschnatz- an Neijoerschfest vun de Kelten zeréckgeet?
... de Ras-Täfäri de 25. Mee 1924 op offizieller Visite zu Lëtzebuerg war?
... d'Kuer mat hiren Niewebaachen an d'Fooschtbaach am Éislek déi eenzeg Waasserleef zu Lëtzebuerg sinn, déi net zum Baseng vum Rhäin gehéieren, mä zu deem vun der Meuse?
... 1895, an de Pionéierjore vum Telefon zu Lëtzebuerg, e Mikro um Musekskiosk op der Plëss d'Arem un de Reseau ugeschloss war, fir datt d'Postbeamten de Sonndesconcert an der Telefonszentral nolauschtere konnten?
... de Rubicon an der Belsch bei Remouchamps de längste schëffbaren ënnerierdesche Floss op der Welt ass?
... "Kueb" an de spéiden 1970er Jore wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'Europaparlament um Kierchbierg war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen ersat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut "Klenge Kueb" genannt gëtt?
... d' Pravčická brána an Nordtschechien déi gréisst natierlech Sandsteebréck an Europa ass?
… d'Hélène Hiertz (1911-1985), déi di éischt Kächen zu Lëtzebuerg war, déi fir hire Restaurant e Michelin-Stär krut, eng aktiv Resistenzlerin war?
... den Erdäpfelmuseum zu Prinzendorf an Éisträich zu Éiere vum lëtzebuergesche Geeschtleche Johann Eberhard Jungblut ugeluecht gouf, deen do 1761 d'Gromper agefouert huet?
... de Film Autobahnraser op der Lëtzebuerger A13 gedréint gouf, ier déi fir den normale Verkéier opgoung, an déi dofir kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert' gouf?
...déi gréisst lieweg Hai-Aart, de Walhai, deen iwwer 13 m laang ka ginn, sech vu Plankton erniert, an dofir fir de Mënsch ongeféierlech ass?
…den Émile Reuter (1874-1973) dee Chamberpresident zu Lëtzebuerg mat bis ewell der längster Amtszäit war (vun 1926 bis 1958, ofgesi vun der däitscher Besatzungszäit)?
… et am Kader vun der Affär Dreyfus, déi déi franséisch Ëffentlechkeet jorelaang polariséiert huet, 11 Joer gedauert huet, ier den Alfred Dreyfus nees rehabilitéiert gouf?
... op Bretzelsonndeg dem Brauch no Männer enger Fra, déi hinnen eppes bedeit, eng Bretzel schenken, fir dann, bei géigesäitegem Intressi, Ouschteren en Ouschteree vun hir geschenkt kréien, ausser bei Schaltjoren, wou et ëmgedréint ass?
… den Iechternacher Séi e kënschtleche Séi ass, deen Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf, fir d'touristesch Offer ze diversifiéieren, an dofir d'Lëschenhaus, e Barockgebai vu 1676, ofgerappt gouf, well et soll gehënnert hunn?
... et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d'Pierre Brunehaut, e Monolith an der belscher Provënz Hainaut, op déi Plaz koum, wou en haut steet?
...d'Carmen Pereira 1984 dräi Deeg laang amtéirend Presidentin vu Guinea-Bissau an domat déi éischt Fra an där Positioun an Afrika war?
... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
...de Rapport iwwer e Leefer, deen d'Victoire an der Schluecht vu Marathon mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?
... de Schwaarze Spiecht, dee virun dem Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
… de Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) ee vun de "Pappe" vun der Belscher Verfassung war?
... den Olympus Mons um Mars mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an engem Duerchmiesser vu bal 600 km deen héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem ass?
…d'Zuel vun de Gemengen zu Lëtzebuerg tëscht de Joren 1830 an 1891 vun 120 op 130 eropgoung, fir dann nees, duerch Fusiounen, op déi aktuell 100 erofzefalen?
... de Julien Lefèvre Lëtzebuerg 1936 op den olympesche Summerspiller als Sculpteur an op de Wanterspiller als (Ersatz-)Bobfuerer vertrueden huet?