De Jean-Dominique Comte de Cassini, och Cassini IV. genannt, gebuer den 30. Juni 1748 zu Paräis, a gestuerwen den 18. Oktober 1845 zu Thury-sous-Clermont, war e franséische Kartograph an Astronom.

Jean-Dominique Cassini
Gebuer 30. Juni 1748
Paräis
Gestuerwen 18. Oktober 1845
Thury-sous-Clermont
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Collège du Plessis
Aktivitéit Astronom, Kartograph
Member vun Royal Society, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Bureau des Longitudes, Institut de France
Famill
Papp César-François Cassini de Thury

De Cassini koum am Paräisser Observatoire op d'Welt. Säi Papp, den César-François Cassini de Thury war Direkter dovun.

Am Joer 1768 huet de Jean-Dominique eng Rees als Kommissär vun der Wëssenschaftsakademie an Amerika gemaach, déi hien 1770 an engem Buch publizéiert huet. 1787 bedeelegt hie sech un der Auswäertung vun Observatioune vum Paräisser Observatoire an um Royal Greenwich Observatory, mat deenen déi genee Längegraddifferenz vu béide Fuerschungsplaze bestëmmt solle ginn. Bei engem Openthalt an England besicht hien zesumme mat dem Pierre Méchain an dem Adrien-Marie Legendre den Astronom Wilhelm Herschel a sengem Observatoire zu Slough. E Wierk, an deem de Cassini seng Aufgabe beschriwwen huet, koum am Joer 1791 eraus. Hie komplettéiert weider d'Kaart vu Frankräich, déi säi Papp ugefaangen hat. D'Kaart gouf am Joer 1793 vun der Wëssenschaftsakademie publizéiert, a war d'Grondlag fir den „Atlas National“, dee Frankräich an Departementer agedeelt duerstellt.

1784 huet hie vu sengem Papp d'Plaz vum Observatoiresdirekter iwwerholl. Seng Pläng fir eng Rekonstruktioun an Ausstattung vum Observatoire no der franséischer Revolutioun si bei der Nationalversammlung op haarde Widderstand gestouss. Seng Positioun gouf onsécher an de 6. September 1793 ass hien zeréckgetrueden. E Joer drop 1794 gouf hie siwe Méint an de Prisong gehäit. No senger Fräiloossung ass hien op Thury geplënnert.

Am Joer 1810 koum säin déckt Wierk Mémoires pour servir à l'histoire de l'observatoire de Paris eraus, dat ënner anerem och d'Biographie vu sengem Urgrousspapp Giovanni Domenico Cassini beschreift.

Um Spaweck

änneren