Kaalber Millen
D'Kaalber Millen ass e Lieu-dit an der Gemeng Klierf (bis Enn 2011: Gemeng Hengescht) an Kadastersektioun Kaalber.
Kaalber Millen | |
---|---|
Déi restauréiert, fréier Millen (2021) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Kalborn-Moulin, Moulin de Kalborn de: Kalborner Mühle, Kalbornmühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Klierf |
Buergermeeschter | Georges Keipes |
Awunner | 0 |
01.01.2018 | |
Héicht | 308 m |
Koordinaten |
50° 06’ 11.45’’ N 06° 07’ 54.16’’ O |
Geographie
ännerenD'Kaalber Mille läit am Dall vun der Our, ronn 1.5 km vu Kaalber ewech. Et kënnt en dohin iwwer e Wee de lénks vum CR339 fort geet, wann ee vu Kaalber op d'Tëntesmillen fiert, ongeféier 2 km baussent dem Duerf.
Geschicht
ännerenD'Kaalber Mille steet zanter dem September 2001 als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]
D'Muschelziichterei
ännerenOp der Kaalber Millen huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur mat der finanzieller Hëllef vum Ëmweltministère, dem Naturmusée an dem LIFE-Nature Programm vun der EU vun 2005 bis 2011 e Projet fir d'Erhalen, dorënner och d'Ziichte vun der Flosspärelmuschel (Margaritifera margaritifera) realiséiert.
Nodeem am August 2011 de Life-Projet ausgelaf war, huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt eng Konventioun fir d'Finanzéierung vun der Suite vum Projet mam Lëtzebuerger Staat ënnerschriwwen.[2],[3]
Am Projet gëtt Follgendes realiséiert:
- Uleeë vu Sträife laanscht d'Our, fir ze verhënneren datt ze vill Nierstoffer an d'Baach kommen.
- Fiichten déi um Randgebitt vun der Baach stinn, ewechzehuelen.
- Réier, déi an Niewebaache leien, ewechzehuele fir datt d'Baachfrellen, op deenen hire Kimen d'Larve vun der Muschel liewen, erëm kënne fräi baachop schwamme fir ofzeläichen.
- Eng Ziichterei fir Jongmuschelen, déi an d'Our ausgesat ginn.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kaalber Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Biller
änneren-
D'Kaalber Millen – virun der Renovatioun – am Mäerz 2007
-
Een Deel vun de Gebaier vun der fréierer Kaalber Millen. Am wäisse Gebai sinn d'Laboe fir d'Zuucht vun der Pärelmuschel.
-
D'Muschelziichterei
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
- ↑ D'Konventioun gouf ënnerschriwwe vun de Ministere Marco Schank (Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung) a Jean-Marie Halsdorf (Inneminister).
- ↑ Luxemburger Wort vum 12. Dezember 2011, S. 29.