Waassertuerm um Kierchbierg
De Waassertuerm um Kierchbierg ass e Waassertuerm, dee vun der Gemeng Lëtzebuerg um Kierchbierg am Beräich vum Boulevard Pierre Frieden op engem Terrain gebaut gouf, dee vum Fonds du Kirchberg zur Verfügung gestallt gi war. En ass zanter 2024 a Betrib.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Kierchbierg |
Opgaangen | 2024 |
De Bau vun engem zousätzleche Waassertuerm war néideg, absënns fir d'EU-Institutiounen, d'Spidol um Kierchbierg an d'Klinik Dr Bohler mat Drénkwaasser ze versuergen.
Den ieweschten Deel vum Quartier krut d'Drénkwaasser virdrun aus dem Waassertuerm vum Sennengerbierg. Eng Noutversuergung war nëmme mam Averständnes vun der SEBES an nëmme fir eng kuerz Zäit méiglech. Am Fall vun engem Rouerbroch tëscht dem Sennengerbierg an dem Kierchbierg wier d'Waasserliwwerung net méi garantéiert gewiescht.
Den neie Waassertuerm huet eng Capacitéit vun 1.000 Meterkibb (ee Baseng mat 415 an deen anere mat 585 Meterkibb) a versuergt ewell d'Zon westlech vun der Avenue John-F.-Kennedy mat Drénkwaasser. D'Zon ëstlech vun der Avenue kritt weiderhin d'Waasser vum Sennengerbierg. De neien Tuerm gëtt zu engem Deel mat SEBES-Waasser an zum aneren Deel mam Waasser aus den eegene Quelle vun der Stad Lëtzebuerg (Glasbueren) gespeist.
Geschicht
ännerenAm Oktober 2015 war en Architekteconcours ausgeschriwwe gi fir en neie Waassertuerm ze plangen an den Zouschlag goung de 7. Juni 2016 un den Architektebüro „Temperaturas Extremas Arquitectos“ (Madrid) zesumme mat „Simon-Christiansen & Associés“.
De Kontrakt mam Lëtzebuerger Ingenieursbüro „Simon-Christiansen&Associées“ gouf den 29. Dezember 2016 ofgeschloss an den 13. Januar 2017 krut „Temperaturas Extremas Arquitectos“ vun der Stad d'Commande fir en detailléierten Avant-projet auszeschaffen.
De Projet vum Waassertuerm ass den 9. Juli 2018 eestëmmeg vum Stater Gemengerot ugeholl ginn.
Am Ufank war geplangt, datt den Tuerm Enn 2021 sollt fäerdeg sinn, Mëtt däers Joers hate s'awer nach net emol ugefaangen.[1]
Schlussendlech hunn d'Bauaarbechten vun de Fëllementer ufanks 2022 ugefaangen, am November 2023 soll de Projet fäerdeg sinn. De Käschtepunkt louch, Stand Februar 2022, bei ronn 11 Milliounen Euro.[2] Den Tuerm gouf am Mäerz 2024 ageweit.
D'Käschte sinn am Verglach zum ursprénglechen Devis wéinst verschiddenen Ännerungen a Verbesserungen a well den Eisepräis ëm 10 % geklommen ass, ëm 2,5 % eropgaangen. D'Käschte ginn op 8,473 Milliounen € geschat a sollen iwwer fënnef Joer (2018 - 2022) verdeelt ginn.
Beschreiwung
ännerenDen Terrain wou de Waassertuerm steet, läit um nordëstlechen Enn vum Kierchbierger Plateau an der Natura 2000-Schutzzon vum Gréngewald. D'Formen an d'Baumaterial vum Waassertuerm sinn un d'Bëschgéigend ugepasst. D'Basengen an den Tuerm selwer si mat Holzlamellen aus lokalem, onbehandeltem Holz agekleet. Et gi Vullennäschter an Hiele fir Fliedermais, déi d'Basis fir eng Fassad duerstellen déi deelweis bewuess ass. D'Näschter fir d'Leeëndecker (Apus apus) sinn aus Holzbëtong hiergestallt an an der Bëtongsfassad integréiert. An d'Fassad ass och en Nascht fir Spuervullen agebaut, dat mat enger Videokamera ekipéiert gouf. D'Hiele fir d'Fliedermais sinn de Bedierfnesser vun de verschiddenen Aarten ugepasst. Et goufen och nach weider hëlzen Näschter a verschiddenen Héichten ubruecht.
De Waassertuerm ass 50 Meter héich. Am Tuerm ass en Trapenhaus an e Lift (fir eng Laascht vun 1.000 kg oder 13 Persounen) mat enger Kabinn vun 1,60 × 1,40 m virgesinn. Um Rez-de-chaussée si Sanitäranlagen amenagéiert.
Kuckt och
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ "Ein Wasserturm sorgt für Diskussionen." wort.lu, 12.07.2021.
- ↑ De Kierchbierg kritt en neie Waassertuerm." rtl.lu, 07.02.2022.
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Compte rendu analytique vun der Gemengerotssëtzung vum 9. Juli 2018, op der Websäit vun der Stater Gemeng, fir d'lescht gekuckt den 21. Oktober 2018