Wale fir d'Europäescht Parlament 2019 (Lëtzebuerg)
Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2019 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2019-2024 vertrieden.
Si goufen de 26. Mee 2019 ofgehalen, parallel zu deenen an den aneren EU Länner.
Am Ganzen hu 60 Kandidaten op de Lëschte vun 10 Parteie kandidéiert.
Parteien
ännerenDen 28. Mäerz 2019 goufen d'Nummere fir déi 10 Lëschten, déi bei den Europawalen untrieden, ausgeloust, mat dësem Resultat:[1]
- Lëscht 1: DP
- Lëscht 2: Piratepartei Lëtzebuerg
- Lëscht 3: déi Konservativ
- Lëscht 4: KPL
- Lëscht 5: déi Lénk
- Lëscht 6: Volt
- Lëscht 7: déi gréng
- Lëscht 8: LSAP
- Lëscht 9: ADR
- Lëscht 10: CSV
Walplakater vun de Parteien
änneren-
DP
-
Piraten
-
Déi Konservativ
-
KPL
-
Déi Lénk
-
Volt
-
Déi Gréng
-
LSAP
-
ADR
-
CSV
Wal
ännerenNom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme ofginn, wéi Sëtz ze verdeele sinn, deemno 6. Déi kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht), oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op der selwechter oder op verschiddene Lëschte stinn.
D'Wale fir d'Europaparlament sinn zu Lëtzebuerg obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer. Och Bierger vun aneren EU-Staaten, déi op d'mannst 2 Joer zu Lëtzebuerg wunnen, kënne sech op d'Wielerlëschten androen a matwielen. Si dierfen dann awer net och nach am Land wou se hierkommen wielen.
Resultat
ännerenAm Eenzele kruten d'Parteien déi heite Resultater:
Europawal zu Lëtzebuerg 2019 | |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Partei | Europapartei | Fraktioun am EP | Prozent vun de Stëmmen | Verännerung | Sëtz | Verännerung | |||
Demokratesch Partei (DP) | ALDE | ex-ALDE-Fraktioun | 21,44% | -3,89% | 2 | +1 | |||
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) | EVP | EVP-Fraktioun | 21,2 % | -16,4% | 2 | -1 | |||
Déi Gréng | EGP | Gréng/EFA-Fraktioun | 18,91% | +3,90% | 1 | ±0 | |||
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP) | SPE | S&D-Fraktioun | 12,19% | +0,44% | 1 | ±0 | |||
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) | AECR | — | 10,04% | +2,51% | 0 | ±0 | |||
Déi Lénk | EL | — | 4,83% | -0,93% | 0 | ±0 | |||
Piratepartei Lëtzebuerg | PPEU | — | 7,7% | +2,7% | 0 | ±0 | |||
Volt Lëtzebuerg | Volt Europa | 2,11% | +2,11% | 0 | — | ||||
Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) | 1,14% | -0,35% | 0 | ±0 | |||||
Déi Konservativ | 0,53% | +0,53% | 0 | ±0 | |||||
Total | 100,0 | — | 6 | — |
Source: elections.public.lu
D'Sëtz ginn an enger éischter Auszielung un d'Parteie verdeelt. Eréischt da gëtt gekuckt, wéi d'Reiefolleg vun de Kandidaten an der Partei ass.
An dësem Fall war dat d'DP, dCSV an déi Gréng. D'Reschtsëtzer goungen un d'LSAP, d'DP an d'CSV.[2]
Gewielt goufen
änneren- Charles Goerens, DP, 97.584 Stëmmen[3]
- Christophe Hansen, CSV, 62.732
- Tilly Metz, déi gréng, 55.465
- Monica Semedo, DP, 50.954
- Isabel Santos-Lima, CSV, 49.582
- Nicolas Schmit, LSAP, 39.152
Am Dezember 2019 ass de Marc Angel fir den Nicolas Schmit nogeréckelt, nodeems dee Member vun der Europäescher Kommissioun gouf. Am Oktober 2023 huet dunn d'Martine Kemp de Christophe Hansen ersat, nodeems dee bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt gi war.
Portraiten
änneren-
Charles Goerens
-
Christophe Hansen (bis Oktober 2023)
-
Tilly Metz
-
Monica Semedo
-
Isabel Santos-Lima
-
Nicolas Schmit (bis Dezember 2019)
-
Marc Angel (zanter Dezember 2019)
-
Martine Kemp (zanter Oktober 2023)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Wale fir d'Europäescht Parlament 2019 (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ "Europawalen: 10 Lëschtennummere verdeelt." rtl.lu, Update: 28.03.2019 12:45.
- ↑ https://elections.public.lu/content/dam/elections/fr/elections-europeennes/2019/RECENSEMENT-GENERAL-2019.pdf
- ↑ (fr)Élections européennes 2019 Résultats officiels. elections.public.lu (03.06.2019). Gekuckt de(n) 14.10.2023.