Space Shuttle
Space Shuttle | |
---|---|
D'Atlantis start zu der Missioun STS-115 | |
Orbiter | |
Längt | 37,24 m |
Spanwäit | 23,79 m |
Fligelfläch | 249,9 m²[1] |
Startmass (maximal) | 109.000 kg |
Notzlaascht an engem niddregen Orbit | 24.500 kg |
Notzlaascht zu der ISS | 16.400 kg |
maximale Schub op Miereshéicht | 3*1.76=5,27 MN[2] |
maximale Schub am Vakuum | 3*2.09=6,27 MN |
Reegelberäich vun den Haaptdreifwierker | 65% bis 109% |
Asazhéicht | 185–643 km[3] |
Besatzung | Maximal 8 Persoune |
Aussentank | |
Längt | 48,9 m |
Duerchmuiesser | 10,4 m |
Volumen | 2.030 m³ |
Eidelgewiicht | 26.556 kg |
Startgewiicht | 757.000 kg |
Booster (2 Stéck) | |
Längt | 45,6 m |
Duerchmiesser | 3,71 m |
Startgewiicht | 590.000 kg |
Startschub | 2*12,46=24,92 MN |
Ganzt System | |
Startmass | 2.046.000 kg |
Startschub | 30,16 MN |
Startschub/Startmasse | 14,74 m/s² = 1,5 g |
maximalen Tempo am Betrib | 3 g |
De Space Shuttle (englesch fir Raumfär), kuerz Shuttle, ass e Raumfärentyp, dee vun der US-Raumfaartadministratioun NASA entwéckelt gouf.[4] D'Komponente sinn nieft der Raumfär (Orbiter) en externen Dreifstofftank an zwou Feststoffrakéiten. De ganze System bezeechent een als Space Transportation System, kuerz STS. Fachlech gëtt nëmmen den Orbiter als Space Shuttle bezeechent.
De Shuttle ass aus dem Versuch erausgaangen, e Raumgefier ze bauen, dat méi wéi eemol konnt gebraucht ginn. Dat sollt d'Onkäschte géintiwwer deene bis dohi gebrauchte Rakéiten drécken. Beim ale System sinn all Rakéitestufen nëmmen eemol gebraucht ginn. Déi Erspuernesser konnten zwar net erreecht ginn. E Shuttlestart kascht an der Tëschenzäit knapps eng hallef Milliard Dollar, ongeféier fënnefmol sou vill wéi e Start mat enger onbemannter Eeweerakéit mat der selwechter Notzlaaschtkapazitéit an ass an der Lescht bis op gutt eng Milliard Dollar geklommen.[5]
D'Raumfär ka gläichzäiteg 24,5 Tonnen Notzlaascht souwéi 7 Astronauten an eng niddreg Äerdëmlafbunn (tëscht ongeféier 200 a 650 Kilometer Bunnhéicht) bréngen. Zudeem ass de Shuttle mat Hëllef vun Andockadaptere fäeg, un enger Raumstatioun (haut ISS, fréier Mir) unzedocken. Duerch seng Fäegkeet zum gläichzäitegen Transport vu Mannschaft a Fracht ass de Shuttle villsäiteg ze gebrauchen, beispillsweis kënne Satellitte reparéiert oder op d'Äerd zeréckbruecht, oder den Opbau an d'Versuergung vun enger Raumstatioun ënnerstëtzt ginn.
Zanter dem leschten Apollo-Fluch am Joer 1975 ass de Shuttle déi eenzeg Méiglechkeet vun den USA, mat eegene Mëttele Mënschen an de Weltraum ze bréngen. Den éischte Fluch vum System war am Joer 1981, zanterhier goufen iwwer 130 Flich gemaach, woubäi et zweemol zu fatalen Accidenter koum, bei deenen all Kéier 7 Astronauten ëm d'Liewe koumen. Zu de wichtegsten Erfolleger gehéieren d'Aussetze vu verschiddene Raumsonde souwéi vum Hubble-Weltraumteleskop, verschidde Flich mat agebaute Laboratoiren, Flich bei d'russesch Mir-Statioun souwéi bei d'International Raumstatioun (ISS). Am Ganze goufe fënnef raumfluchfäeg Orbiter gebaut, vun deenen no Ausserdéngschtstellung, de Space Shuttle „Atlantis“ den 8. Juli 2011 fir d'lescht gestart ass. [6] Als Nofollger ass d'MPCV-Raumschëff an Entwécklung, dat méiglecherweis vun 2016 un asazbereet ass.
Raumfluchfäeg Orbiter
[änneren | Quelltext änneren]Zanter dem Ufank vun de Shuttle-Flich am Joer 1981 waren am Ganze fënnef verschidde Space Shuttlen an de Weltraum geflunn. Dovu ware bis zu der Astellung vum Programm am Joer 2011 nach dräi Stéck (Discovery, Atlantis an Endeavour) am Asaz. Zwéi Space Shuttlen (Columbia an Challenger) goufe bei Onglécker an de Joren 1986 an 2003 zerstéiert.
Numm | OV-Nr. | Éischte Start | Éischt Missioun | Leschte Start | Lescht Missioun | Zuel vu Missiounen | Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|---|---|
Columbia | OV-102 | 12. Abrëll 1981 | STS-1 | 16. Januar 2003 | STS-107 | 28 | Éischte raumfluchfäegen Orbiter. Zerstéiert duerch eng futtis Hëtzschëldverkleedung beim Neesantrëtt an d'Armosphär den 1. Februar 2003. Siwe Crewmembere koumen dobäi ëm d'Liewen. |
Challenger | OV-099 | 4. Abrëll 1983 | STS-6 | 28. Januar 1986 | STS-51-L | 10 | Zerstéiert kuerz nom Start den 28. Januar 1986 duerch en Defekt un engem Feststoffbooster, déi siwe Crewmembere koumen dobäi ëm d'Liewen. |
Discovery | OV-103 | 30. August 1984 | STS-41-D | 24. Februar 2011 | STS-133 | 39 | Lescht Landung den 9. Mäerz 2011. |
Atlantis | OV-104 | 3. Oktober 1985 | STS-51-J | 8. Juli 2011 | STS-135 | 33 | Lescht Landung den 21. Juli 2011. |
Endeavour | OV-105 | 7. Mee 1992 | STS-49 | 16. Mee 2011 | STS-134 | 25 | Lescht Landung den 1. Juni 2011, Ersatzorbiter fir Challenger. |
Kuckt ouch
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- David Baker: Die neuen Space Shuttles – Columbia, Enterprise & Co. Arena, 1979, ISBN 3-401-03882-6
- Dennis R. Jenkins: Space Shuttle: The History of the National Space Transportation System. Midland Publishing, 2006, ISBN 978-1-85780-116-3
- Pat Duggins: Final Countdown: NASA and the End of the Space Shuttle Program University Press of Florida, 2009, ISBN 978-0-8130-3384-6
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Space Shuttle – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Einsatzgeschichte des Space Shuttle
- (en) NASA: Multimediagalerie der NASA zum Space Shuttle mit Bildern in hoher Auflösung
- (en) NASA: Space Shuttle operational flight rules Asazreegele fir Space Shuttle Flich (pdf 5,3 MB)
- Informatiounen iwwer all bemannt NASA-Missiounen
- drafts.de: Verschidden Detailusiichte a Perspektive vun den Orbiter
- Cockpit-Ansicht im Wandel der Zeit Weg zum Glasscockpit
- Space Shuttle Videos
- Das Buch: o.A.Space Shuttle, Prepared by LYNDON B. JOHNSON SPACE CENTER, Scientific and Technical Information Office National Aeronautics and Space Administration, Washington, D.C. 1976, NASA-SP-407, bei NASA History Online (engl.).
- Das Buch: Howard Allaway Space Shuttle At Work, Scientific and Technical Information Office National Aeronautics and Space Administration, Washington, D.C. 1979, NASA-SP-432/NASA-EP-156, bei NASA History Online (engl.) und als 174 MB großes PDF vom NASA Technical Reports Server.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- (en) NASA: Space Shuttle Homepage
- extrasolar-planets.com: Informationen zum Space Shuttle
- raumfahrer.net: Informationen zum Space Shuttle
- Bernd Leitenberger: Space Shuttle
- Korb, Morant, Calland und Thatcher: Das Hitzeschutzschild der Weltraumfähren. Physik in unserer Zeit, 16. Jahrgang 1985, Seite 78-85
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Space Shuttle Technical Conference pg 238
- ↑ Space Shuttle Main Engines
- ↑ Space Shuttle Basics Archivéiert de(n) 19.01.2011. Gekuckt de(n) 09.07.2011.
- ↑ NASA: Shuttle Reference Manual, 7. April 2002, ofgeruff de 24. September 2009 (englesch)
- ↑ US-Raumfähren
- ↑ NASA's Shuttle and Rocket Launch Schedule