Call Her Madam
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 1997[1] |
Première | 29. Abrëll 1997 |
Dauer | 52 min |
Originalsprooch |
Englesch Franséisch a Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Paul Lesch |
Fotografie |
Virginie Saint Martin Jean-Louis Sonzogni Carlo Thiel |
Produzent | Claude Waringo |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Call Her Madam ass een Documentaire iwwer déi amerikanesch Diplomatin Perle Mesta, déi éischt héich US-Diplomatin mat Sëtz zu Lëtzebuerg (1949-1953).
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]D'Perle Mesta war war Ministre plénipotentiaire zu Lëtzebuerg vun 1949 bis 1953 a gouf vum Harry Truman nominéiert.
An den USA war si an éischter Linn bekannt als Hostess with the mostes, dat heescht als Organisatrice vu Partien a Receptiounen. Déi déck Déiere vun der demokratescher Partei ware reegelméisseg Gäscht bei hir. Hir finanziell Ënnerstëtzung fir den Harry Truman bei de Wale vun 1948 huet dozou gefouert, datt deen hir als Merci d'Plaz zu Lëtzebuerg offréiert huet. Den amerikanesche Komponist Irving Berlin huet 1950 d'Musek fir ee Musical iwwer d'Perle Mesta zu Lëtzebuerg geschriwwen: Call Me Madam. Aus dem 'Grand Duchy of Luxembourg' gouf awer de 'Grand Duchy of Lichtenbourg', fir all diplomateschen Incident z'evitéieren. 1953 ass de Broadway-Musical vun Hollywood verfilmt ginn, mat an den Haaptrollen d'Ethel Merman, den Donald O'Connor an den George Sanders. De Realisateur war de Walter Lang.
Den Documentaire beschreift der Perle Mesta hire Passage zu Lëtzebuerg, wou si duerch hiren e bëssche speziellen diplomatesche Stil (ë. a. Organisatioun vun de Buergermeeschter-Partien) vill vu sech schwätze gedoen huet. Benotzt goufe Newsreels vu fréier, al Fotoen an Interviewe mat Lëtzebuerger (ë. a. dem Pierre Werner) an amerikaneschen Zäitzeien (ë. a. den John E. Dolibois an d'Anna Crouse).
Filmproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]Samsa Film krut 1994 fir d'Entwécklung vum Documentaire e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun enger Millioun Lëtzebuerger Frang.[2] 1996 ass dunn nach eng weider finanziell Ënnerstëtzung fir d'Produktioun vun enger Millioun Frang dobäikomm.[3]
Call Her Madam gouf ënner anerem op der Woch vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm gewisen, déi 1998 vu Samsa Film an dem CNA organiséiert gouf.[4]
Wat sot d'Press?
[änneren | Quelltext änneren]Rosch Krieps am Forum:
Wie Waringos Steichen-Film ist auch Paul Leschs Mesta-Filmbiographie ein sowohl künstlerisch wie geschichtlich und in seiner rein menschlichen Darstellung glücklich gelungenes Meisterwerk.
Literatur a Press
[änneren | Quelltext änneren]- Paul Lesch, Playing Her Part. Perle Mesta in Luxembourg, Luxembourg, Amcham, 2001.
- I Love America, And America Loves Me vum Josée Hansen in d'Lëtzebuerger Land, 17. Abrëll 1998, Säit 15
- Martine Dennewald an Hémecht, No. 3/2000
- Christian Spielmann am Lëtzebuerger Journal, 3. Mee 1997 an 21. Mee 1997
- Maggie Steffen am Le Jeudi, 8. Mee 1997
- Pol Even am Luxemburger Wort, 9. Mee 1997
- Dunc E. Roberts an Luxembourg News, 2. Abrëll 1998
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Call Her Madam op film-documentaire.fr
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ „Call Her Madam!“, Rosch Krieps in Forum, Abrëll 1997, Nr. 176, Säit 62-63
- ↑ Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1994, Säit 90
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1996, Mäerz 1997, Säit 115
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193