D'RaumfärColumbia war den éischte Space Shuttle vun der NASA, dee méi dacks benotzt konnt ginn. Am Mäerz 1979 gouf de Shuttle fäerdeggestallt. Den 12. Abrëll1981 war de Start vum STS-1 fir den éischte Fluch vun engem Spaceshuttle. Déi intern Bezeechnung war OV-102, woubäi OV fir Orbiter Vehicle steet. D'Columbia war den 1. Februar2003 bei hirem 28. Weltraumasaz (Missioun STS-107) beim Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär auseneegebrach. Déi siwe Crewmembere koumen dobäi all ëm d'Liewen.
D'Raumfär gouf – wéi d'Entdeckerschëff vum amerikanesche Séifuerer Robert Gray an d'Kommandokapsel vun Apollo 11 – no der poetescher Bezeechnung vun Nordamerika aus dem 18. Joerhonnert genannt. D'Columbia war ausserdeem déi weiblech Personifizéierung vun den USA.
Den 12. Abrëll 1981 huet d'Columbia mam Fluch STS-1 den éischten Asaz vun engem Space Shuttle am Weltraum ënner dem Kommando vum John Young absolvéiert. Et war déi éischt Kéier an der Geschicht vun der NASA, datt en neit Raumschëff ouni onbemannt Tester gestart gouf. Ofgesi vu Schied un den Hëtzschutzplättercher war den éischte Fluch vum Space Shuttle reiwungslos ofgelaf.
Déi nächst véier Space-Shuttle-Flich goufen och mat der Columbia gemaach. Zu de spéidere Missiounen hunn ënner anerem déi drëtt Hubble-Servicing MissionSTS-109 souwéi déi däitsch D2-Missioun mam Spacelab gehéiert. Well si wéinst hirer schwéierer Bauweis eppes manner Notzlaascht konnt droen an net mat engem Undockadapter fir d'International Raumstatioun ausgerëscht war, gouf si zu lescht virun allem fir déi Missioune benotzt, bei deenen d'ISS net ugeflu gouf.
D'Columbia war um Réckwee vun hirer 28. Missioun (STS-107) op de Kennedy Space Center, der US-Weltraumgare, wou si den 1. Februar2003 géint 8:59 Auer Uertszäit (14:59 Auer MEZ) an zirka 63,13 km Héicht iwwer Texas bei enger Vitess vun ongeféier Mach 18,3 respektiv 20117 km/h auseneegebrach ass. D'Ursaach war eng Iwwerhëtzung bannen an den Drofläche bis zum Schmëlze vum Material, wéinst engem Lach am Hëtzschëld, dat duerch en ofgerappte Schaumstoffdeel beim Start entstane war. Bei dësem Accident hunn déi siwe Crewmemberen all hiert Liewe verluer.
D'Columbia ass no der Challenger déi zweet NASA-Raumfähr, déi wärend enger Missioun total beschiedegt gouf. Och bei der Challenger-Katastroph war d'Crew gestuerwen.