La volante
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Frankräich Belsch, Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2015 |
Première | 2015 |
Dauer | 87 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie |
Christophe Ali Nicolas Bonilauri |
Dréibuch |
Christophe Ali Nicolas Bonilauri Philippe Blasband Jacques Sotty |
Fotografie | Nicolas Massart |
Musek | Jérôme Lemonnier |
Produzent |
Cinéma Defacto Artémis Productions Tarantula Luxembourg (Tom Dercourt Sophie Erbs Patrick Quinet Donato Rotunno) |
Schauspiller | |
Nathalie Baye als Marie-France Malik Zidi als Thomas Johan Leysen als Éric Sabrina Seyvecou als Audrey Jean Stan du Pac als Léo Pierre-Alain Chapuis als Jean-Marc Hervé Sogne als Pierre Aïssatou Diop als Iman | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
La volante ass e franséisch-belsch-lëtzebuergesche Spillfilm vum Christophe Ali a vum Nicolas Bonilauri.
En ass den 2. September 2015 a Frankräich erauskomm.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Um Wee fir an d'Maternité, wuer e seng Fra féiert, déi an de Wéien ass, iwwerfiert den Thomas e jonke Mann. Néng Joer dono stellt hien eng nei Sekretärin an, d'Marie-France. Déi mécht hir Aarbecht virbildlech, a si bitt sech un, no an no ëmmer méi kleng Aufgaben am Thomas senger Famill z'iwwerhuelen ...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 1.010.000 Euro ënnerstëtzt.[1]
De Film gouf zu Metz an a Loutrengen, ma och zu Lëtzebuerg, ë. a. zu Munneref (Gemeng), Diddeleng (Schoul), an der Stad Lëtzebuerg an zu Lëlz gedréint.
De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Bescht Fiktiouns-Koproduktioun" nominéiert.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 25 juin 2014
- ↑ cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)