Op den Inhalt sprangen

Polos vun Egina

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Theaterberäich an aus dem Drama ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Polos vun Egina
Gebuer 4. Joerhonnert v. Chr. jul.
Gestuerwen 3. Joerhonnert v. Chr. jul.
Nationalitéit Samos
Aktivitéit Theaterschauspiller

De Polos vun Egina (op Algriichesch: Πῶλος) war en algriichesche Schauspiller, dee meeschtendeels am zweeten Deel vum 4. Joerhonnert v. Chr. geschafft huet[1].

Hie war ee Schüler vum Archias vun Thurioi. De Polos war en Tragedieschauspiller[2], a gouf als ee vun de beschte Schauspiller vu senger Zäit consideréiert[3],[4]. Hie war bekannt ënner anerem duerch seng (weiblech) Roll als Elektra[1], an och duerch déi vum Kinnek Ödipus[5].

De Polos vun Egina war praktesch bis zu sengem Doud am Alter vu 70 Joer ganz aktiv op der Bün[2].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Brill's Companion to the Reception of Sophocles - S. 479 - BRILL, 2017 - ISBN 9789004296299
  2. 2,0 2,1 https://quod.lib.umich.edu/m/moa/ACL3129.0003.001/449
  3. http://classics.mit.edu/Plutarch/demosthe.html
  4. Joseph Roisman, Ian Worthington. Lives of the Attic Orators: Texts from Pseudo-Plutarch, Photius, and the Suda - S. 244 - Oxford University Press, 2015 - ISBN 978-0-19-968766-4
  5. http://www.oldandsold.com/articles32n/theatre-4.shtml