Wonder Woman
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Wonder Woman | |
---|---|
Createur | Elizabeth Holloway Marston |
Ass en(g) | Comicfigur, animéiert Figur, Televisiounsfigur, Filmfigur |
Geschlecht | weiblech |
Aktivitéit | Diplomat, Superheld, Sekretär, Infirmier, Militär, Astronaut, Kampfsportler |
Ausgesinn | |
Hoerfaarf | schwaarz |
Aefaarf | blo |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Batman |
Universum | |
Aus | DC-Universum |
Present am |
Wonder Woman, Justice League Unlimited, Batman: The Brave and the Bold, Injustice: Gods Among Us, Injustice 2 |
Produktiounsland | Vereenegt Staate vun Amerika |
D'Wonder Woman ass eng Superheldin aus der Comic book-Serie mam selwechten Numm vun DC Comics. Si hat hiren éischten Optrëtt 1941 a war zu där Zäit eng vun den éischte Superheldinnen an ass bis haut déi bekanntst vun hinne bliwwen. D'Wonder Woman ass e Member vun der Justice League, a gehéiert zu der Amazonasbevëlkerung. Hir Heemecht ass d'Insel Themyscira an hiren offiziellen Titel op der Insel ass Prinzessin Diana vun Themyscira. Hatt ass d'Duechter vun der Hippolyta, der Kinnigin vun Themyscira. Hiren drëtten Numm Diana Prince benotzt hatt am Ausland.
Der Wonder Woman hir Geschicht erzielt, datt hatt vu senger Mamm, Hippolyta, aus Leem geschaf gouf. Zousätzlech krut hatt vun de griichesche Gëtter eng Rei vun iwwernatierleche Spezialfäegkeeten a Geschenker. DC Comics huet an de leschte Joren hir Hannergrondgeschicht verännert an zwar datt hatt d'Duechter vum Zeus an der Hippolyta ass. D'Wonder Woman gouf zesumme vun hirer Mamm an hiren Tattaen, Antiope a Menalippe, groussgezunn. Hatt huet en Iwwerfloss vun der modernster Technologie, dorënner de magesche Lasso vun der Wourecht, e puer Braceleten déi net zerstéiert kënne ginn a kugelsécher sinn, eng Kroun déi als Projektil déngt an eng Rei vun Apparater mat Amazonien-Technologie.
D'Wonder Woman gouf vum amerikanesche Psycholog a Schrëftsteller William Moulton Marston a vum Kënschtler Harry G. Peter geschaf. Dem William Moulton Marston seng Fra, d'Elizabeth Holloway Marston, a seng Liewenspartnerin, d'Olive Byrne, waren d'Inspiratioun fir d'Wonder Woman. Fréier Feministen haten e groussen Afloss op de Personnage, a virun allem d'Margaret Sanger.
Historesch gesi gouf de Personnage vum Wonder Woman wärend dem Zweete Weltkrich geschaf. An der Geschicht huet hatt ursprénglech géint Axis militäresch Kräfte gekämpft awer och géint vill "Supervillains". Der Wonder Woman hir Aventuren hunn och vill mat Personnagen aus der griichescher Mythologie ze dinn. D'Wonder Woman huet mat deenen Aventure bewisen, datt hatt net eng Damm an Nout ass, wéi een dovun ausgaangen ass an den 1940er Joren. Doduerch huet sech d'Wonder Woman am Ufank vill Feinde gemaach wéi den Ares, den Doctor Poison, de Circe, den Dokter Psycho an d'Giganta, zum Beispill.
Ausserhalb vun de BDe goufen hir Aventuren och op der Televisioun adaptéiert. D'Lynda Carter huet d'Wonder Woman gespillt an d'Serie ass an de 1970er Jore bekannt ginn. Zousätzlech, schéngt Wonder Woman an der Cartoon Serie vun den DC Comics an de 1970er an 1980er awer och an nom Joer 2000. Endlech, erschéngt d'Wonder Woman och an de Filmer vum DC Universum.[1],[2]
Perséinlechkeet
[änneren | Quelltext änneren]Wonder Woman ass zweedeiteg a representéiert villes awer de Charakter ass wichteg am Kontext wéini et geschaf gouf an zwar, wärend engem Krich wéi d'Männer d'Haaptschauspiller waren an d'Welt voller Haass an Doud war. D'Wonder Woman steet fir genee de Géigendeel vun deem Ganzen. A sou enger Welt representéiert d'Wonder Woman Integritéit, Humanitéit, Léift mee och Stäerkt, Wourecht a Fridden. Hatt ass d'Bild vun enger Amazonierin déi fir d'Gerechtegkeet kämpft mat Fäegkeeten déi all Mënsch op der Welt iwwertrefft. Hatt ass d'perfekt Mëschung vu Kraaft a Matgefill, et ass e Charakter dee sensibel ass mä och keng Angscht huet.
Diana ass feminin awer och nach villes méi. Et ass sou schéi wéi d'Gëttin vun der Schéinheet Aphrodite a sou schlau a begaabt wéi d'Athena, Gëttin vun der Wäisheet a vum Kampf. De Charakter gëtt net nëmmen als Prinzessin mä och als Wonder Woman an als Diana Prince respektéiert. D'Wonder Woman ass staark a gëtt an all Kampf hire Bescht mä hatt ass och eng Diplomatin déi léiwer Konflikter mat Wierder léist well dem Diana de Fridden am wichtegsten ass. Hatt ass am Kader vun der Justice League, gläichzäiteg daper a léif. D'Wonder Woman kann dofir mat all Superheld mathalen, duerch hire jorelaangen Training, hir speziell Fäegkeeten an Experienz wann et drëms geet géint dat Béist op der Welt ze bekämpfen. Hatt ass einfach e Charakter deen onméisseg vill un d'Léift an un d'Mënschheet gleeft an deen all Entscheedung mat engem gudde Gewëssen trefft. Et ass eng Idealistin déi zimmlech selbstsécher ass an éierlech an emotional intelligent. Diana kämpft awer och fir d'Gerechtegkeet an akzeptéiert ni eng Belounung fir dat wat s'erreecht, och wann et heiansdo, wann et muss sinn an et keng aner Alternative gëtt, och mol e Konflikt fatal op en Enn geet. Hatt ass dofir fir vill Fraen a Meedercher e Charakter mat deem ee sech identifizéiere ka well et sou e sympathesche Personnage ass deen den Idol fir vill Leit ginn ass.
Fäegkeeten
[änneren | Quelltext änneren]D'Diana huet vill verschidde Fäegkeeten. Et ass eng Athleetin, Akrobatin a strateegesch Kämpferin. Hatt gouf ausgebilt a villen antike a moderne Forme vu bewaffnetem an onarmten Kampf, awer och an amazonëscher Kampfkonscht. Vun Ufank u gëtt Diana als héich qualifizéiert Kämpferin bezeechent wann hatt hir Bracelete benotzt fir Kugelen ze stoppen, sou wéi och hire gëllene Lasso vun der Wourecht. Déi modern Versioun vum Charakter ass bekannt dofir datt hatt fatal Kraaft och heiansdo benotzt, wann et wierklech néideg ass. Duerch hiren Training mat den Amanzonen awer och nach duerch weider Training vum Ares, de Krichsgott, zanter hirer Kandheet, ass d'Wonder Woman eng exzellent Kämpferin ginn.[3]
Perséinlech Rëschtung
[änneren | Quelltext änneren]Dem Wonder Woman säi Gezei huet sech vill mat der Zäit verännert, well et sech un d'Zäit upasst, obwuel d'Diana bal ëmmer eng Rëschtung oder e Bustier unhuet dee säin Uewerkierper schützt, eng Kroun, Braceleten, Lasso, Stiwwelen an e Schwäert. D'Wonder Woman, geneesou wéi de Captain America bei de Marvel Comics, gouf ufanks fir d'Amerikaner an der Zäit vum Zweete Weltkrich erfonnt, an duerfir war d'Wonder Woman, wéi et fir d'éischt virgestallt gouf, patriotesch gekleet an d'Gezei ass duerfir och voll mat amerikaneschem Symbolismus. De ganze Charakter ass op der Propaganda vun de Vereenegte Staate vun Amerika wärend dem Zweete Weltkrich baséiert. Ufanks gouf dat ganzt Kleed vum US-Fändel inspiréiert, mat engem amerikaneschen Aadler a Stären, sou wéi och mat de Faarwe rout, blo a wäiss. Et huet och dacks eng Gladiatorejupe un déi un hir Roll als Kämpferin erënnere soll.
An de Medien
[änneren | Quelltext änneren]The New Adventures of Wonder Woman
[änneren | Quelltext änneren]An de 60 Folge vun der Serie The New Adventures of Wonder Woman spillt Schauspillerin Lynda Carter d'Wonder Woman tëscht 1976 an 1979.
2017 koum e Film iwwer Wonder Woman vun DC Entertainment eraus wat e Film voller Action an Abenteuer ass. De Patty Jenkins war den Direkter vum Film an d'Gal Gadot, eng israeelesch Schauspillerin a Modell spillt Wonder Woman. De Film erzielt eis Geschicht vum Wonder Woman, wéi hatt geschaf gouf a wéi hatt eng Kämpferin gouf. Et gesäit een Themyscira an all d'Amazonien. D'Geschicht baséiert sech och op den Éischte Weltkrich a wéi d'Wonder Woman d'Welt rett andeems et de Krichsgott, Ares, besiegt mat der Hëllef vum Steve Trevor, en US Pilot Kapitän, dee vum Chris Pine gespillt gëtt.[4]
Misogynie
[änneren | Quelltext änneren]Obwuel d'Wonder Woman als e positiivt Virbild vun engem staarke weibleche Charakter fir Meedercher a Jongen, huet Wonder Woman sech ufanks awer misse mat Misogynie beschäftegen. Mat deem Problem gëtt een all Dag an der Comicbuch Industrie konfrontéiert. Zum Beispill, obwuel, d'Wonder Woman e Grënner vun der "Justice Society of America" war a geneesou, wann net mei staark a mächteg, wéi déi aner Memberen ass, war der Wonder Woman hir Roll ufanks déi vun der Sekretärin. Zousätzlech huet d'Wonder Woman och nach hir Muecht verluer a gouf wärend de meeschten Aventuren ageholl. Wärend den 1950er an den 1960er huet sech d'Wonder Woman och reegelméisseg vill domat beschäftegt an de Steve Trevor verléift ze sinn.
Bisexualitéit
[änneren | Quelltext änneren]Greg Rucka, en amerikanesche BD Auteur deen och fir DC Comics schafft, huet 2016 offiziell annoncéiert, datt d'Wonder Woman bisexuell ass. Fir hien ass dës Informatioun keng Iwwerraschung wann een d'Geschicht vun der Hierkonft vum Wonder Woman kennt, also datt hatt vun der Insel Themyscira kennt wou nëmme Frae liewen. Hatt ass eng Fra, déi d'Leit gär huet als dat wat se sinn an hir Kultur kennt Limitte vun der Heteronormativitéit net, sou datt se e ganz anert Konzept vu Geschlechterrollen zu Themyscira hunn. Dës nei Informatioun ass zemools wichteg fir DC Comics déi probéiere méi Diversitéit an hire Comic Universum ze bréngen andeems se méi LGBT Charaktere mat erabréngen.[5]
Feministesch Ikon
[änneren | Quelltext änneren]Ursprénglech sollt Wonder Woman all Fra vun all Alter beaflossen, duerch hir kierperlech a mental Stäerkt, hir Wäerter an eethesch Attributer. D'Wonder Woman symboliséiert vill vun de weibleche Wäerter, wéi Kraaft a Selbstvertraue fir Fraen, géigesäiteg Ënnerstëtzung tëscht Fraen, Respekt fir d'Mënschheet, manner männlech Aggressioun an och de Glawen, datt d'Gewalt net déi eenzeg Manéier ass fir Konflikter ze léisen.
Ufanks war et fir de William Moulton Marston wichteg datt d'Wonder Woman e feministesche Charakter gëtt, deen edukativ an eethesch ass fir de jonke Männer d'onbegrenzt Méiglechkeete vun enger Fra ze weisen, déi geneesou staark ka si wéi de berüümte Superman. Mä d'Wonder Woman ass net nëmmen dat, mee och e Symbol fir feminin sexuell Fräiheet. Diana ass en Zweet Weltkrich Veteran, eng feministesch Ikon mä och e Sex-Symbol dee seng eege Sensualitéit féiert.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ https://en.wikipedia.org/wiki/Wonder_Woman
- ↑ https://www.ducksters.com/biography/wonder_woman.php
- ↑ https://www.dccomics.com/characters/wonder-woman
- ↑ https://www.warnerbros.com/wonder-woman
- ↑ https://www.huffingtonpost.ca/2016/09/30/wonder-woman-bisexual_n_12265652.html?ec_carp=9096309322303814383&guccounter=1&guce_referrer_us=aHR0cHM6Ly9mci53aWtpcGVkaWEub3JnLw&guce_referrer_cs=VuxKsEKrJE983vMxfA3Fkg