UEFA
D'Union des associations européennes de football, op Englesch Union of European Football Associations (UEFA), ass d'Konfederatioun vun de nationale Foussballfederatiounen an Europa. D'UEFA gruppéiert 53 national Federatiounen (Stand 2007) an huet, nieft administrativen a representativen Aufgaben, fir d'Entwécklung vum Foussball op europäeschem Plang ze suergen.
Si arrangéiert europawäit Kompetitioune fir Clibb an Nationalequippen an huet d'Kontroll iwwert d'Reglementer an d'Medierechter vun de jeeweilegen Evenementer.
D'UEFA ass eng vun de gréissten a stäerkste kontinentale Konfederatioune vun der FIFA. Bei der Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland ware 14 vun 32 Plaze fir europäesch Equippe reservéiert. Vun de Finanzen hir ass se déi déi bei wäitem am beschte gestallt ass a si huet an der Geschicht vum Weltfoussball zum dacksten och d'Richtung am Sport virginn.
D'UEFA gouf de 15. Juni 1954 zu Basel an der Schwäiz op Initiativ vun de Verbänn aus Frankräich, der Belsch an Italien gegrënnt. Bis 1959 hat se hire Sëtz zu Paräis, dono dunn zu Bern. Zënter 1995 ass de Verwaltungssëtz zu Nyon an der Schwäiz.
Organisatioun
D'UEFA ass eng nom schwäizer Code Civil registréiert Associatioun. Si ass op politeschem a reliéise Plang neutral. Offiziell Sprooche sinn englesch, franséisch an däitsch.
Zënter dem 26. Januar 2007 ass de Michel Platini President vun der UEFA. Aktuelle Generaldirekter ass de Schwed Lars-Christer Olsson.
Presidenten
De President vum europäesche Foussballverband ass automatesch och Vizepresident vum Weltfoussballverband FIFA.
UEFA Presidente bis haut:
- 1954 - 1962 : Ebbe Schwartz (Dänemark)
- 1962 - 1972 : Gustav Wiederkehr (Schwäiz)
- 1972 - 1973 : Sándor Barcs[1] (Ungarn)
- 1973 - 1983 : Artemio Franchi (Italien)
- 1983 - 1984 : Jacques Georges[1] (Frankräich)
- 1984 - 1990 : Jacques Georges (Frankräich)
- 1990 - 2007 : Lennart Johansson (Schweden)
- 2007 - : Michel Platini (Frankräich)
Missioun
Zu den an de Statuten definéierten Aufgaben an Ziler vun der UEFA gehéieren ë. a.:
- Gutt Kompetitioune fir de Beruffs-, Junioren-, Fraen-, an Amateursfoussball z'organiséiren.
- Dofir ze suergen, datt, ouni Diskriminéierung vu Geschlecht, Relioun oder Rass, nach méi Leit Zougang zum Foussball fannen.
- Kommerzielle Succès a gesond Finanze sécherzestellen, ouni d'sportlech Qualitéit vun de Kompetitiounen aus den Aen ze verléieren.
- De Revenue vun der UEFA an de Foussball ze reinvestéieren, respektiv ëmzeverdeelen.
- De Federatiounen Hëllef an Ënnerstëtzung unzebidden.
- Sech fir positiv sportlech Wäerter wéi Fair-Play an Anti-Rassismus anzesetzen an d'Sécherheet am Stadionëmfeld ze garantéieren.
- Als representativ Stëmm vun der europäescher Foussballfamill ze handlen.
- Gutt Relatiounen zu deenen anere kontinentale Verbänn an der FIFA opzebauen a bäizehaalen.
- Am Interesse vun de Foussballspiller an hire Fans ze handlen.
Memberen
An der UEFA sinn 53 national Federatioune vertrueden. Allgemeng kann all Federatioun Member ginn déi an engem vun der UNO unerkannten europäesche Staat enregistréiert ass a Kompetitiounen organiséiert. Groussbritannien ass beispillsweis mat véier Federatioune vertrueden (England, Schottland, Nordirland a Wales).
Bei munneche Memberen, déi reng geographesch net zum Kontinent gehéieren, goufen dogéint, mam Accord vun der FIFA, Ausname gemaach. Et sinn dat: Israel, Zypern, Armenien, Georgien, d'Tierkei, Kasachstan, Russland an Aserbaidschan.
Israel a Kasachstan waren uganks Member an der Asiatescher Foussballkonfederatioun (AFC), Zypern hat de Choix tëscht de Konferderatioune vun Europa, Asien an Afrika.
An der Lescht dobäi komm ass Montenegro (2007, nodeems et de gemeinsame Staat mat Serbien net méi gëtt). D'Federatioun vu Gibraltar, eng vun den eelste Foussballfederatiounen iwwerhaapt, ass bis ewell nëmme provisoresche Member.
D'FLF ass vun Ufank un an der UEFA affiliéiert gewiescht (15. Juni 1954).
Lëscht vun de Federatiounen déi Member sinn:
Land | Numm vun der nationaler Federatioun |
---|---|
Albanien | Federata Shqiptare e Futbollit (FSHF) |
Andorra | Federació Andorrana de Futbol (FAF) |
Armenien | Football Federation of Armenia (FFA) |
Aserbaidjan | Azərbaycan Futbol Federasiyaları Assosiasiyası (AFFA) |
Belsch | Koninklijke Belgische Voetbalbond (KBVB) / Union royale belge des sociétés de football association (URBSFA) |
Bosnien an Herzegowina | Nogometni/Fudbalski Savez Bosne i Hercegovine (NFSBiH) |
Bulgarien | Bulgarski Futbolen Sojus |
Däitschland | Deutscher Fußball-Bund (DFB) |
Dänemark | Dansk Boldspil-Union (DBU) |
Éisträich | Österreichischer Fußballbund (ÖFB) |
England | The Football Association (FA) |
Estland | Eesti Jalgpalli Liit (EJL) |
Färöer | Fótbóltsamband Føroya (FSF) |
Finnland | Suomen Palloliitto (SPL) |
Frankräich | Fédération Française de Footbal (FFF) |
Georgien | Georgian Football Association (GFF) |
Griicheland | Hellenic Football Federation (HFF) |
Irland | Football Association of Ireland (FAI) |
Island | Knattspyrnusamband Íslands (KSI) |
Israel | Israel Football Association (IFA) |
Italien | Federazione Italiana Giuoco Calcio (FIGC) |
Kasachstan | Football Union of Kazakhstan |
Kroatien | Hrvatski nogometni savez (HNS) |
Lettland | Latvijas Futbola Federācija (LFF) |
Lëtzebuerg | Fédération luxembourgeoise de football (FLF) |
Liechtenstein | Liechtensteiner Fußballverband (LFV) |
Litauen | Lietuvos Futbolo Federacija (LFF) |
Malta | Malta Football Association (MFA) |
Nordmazedonien | Fudbalska Federacija na Makedonija (FFM) |
Moldawien | Federaţia Moldovenească de Fotbal (FMF) |
Montenegro | Fudbalski Savez Crne Gore (FSCG) |
Holland | Koninklijke Nederlandse Voetbalbond (KNVB) |
Nordirland | Irish Football Association (IFA) |
Norwegen | Norges Fotballforbund (NFF) |
Polen | Polski Związek Piłki Nożnej (PZPN) |
Portugal | Federação Portuguesa de Futebol (FPF) |
Rumänien | Federaţia Română de Fotbal (FRF) |
Russland | Rossijski Futbolni Sojus (RFS) |
San Marino | Federazione Sammarinese Giuoco Calcio (FSGC) |
Schottland | The Scottish Football Association (SFA) |
Schweden | Svenska Fotbollförbundet (SFF) |
Schwäiz | Schweizerischer Fussballverband (SFV) |
Serbien | Fudbalski Savez Srbije (FSS) |
Slowakei | Slovenský futbalový zväz (SFZ) |
Slowenien | Nogometna zveza Slovenije (NZS) |
Spuenien | Real Federación Española de Fútbol (RFEF) |
Tierkei | Türkiye Futbol Federasyonu (TFF) |
Tschechesch Republik | Českomoravský Fotbalový Svaz (ČMFS) |
Ukrain | Federazija Futbolu Ukrajiny (FFU) |
Ungarn | Magyar Labdarúgó Szövetség (MLS) |
Wäissrussland | Belarus Football Federation (BFF) |
Wales | Football Association of Wales (FAW) |
Zypern | Cyprus Football Association (CFA) |
Kompetitiounen
D'UEFA organiséiert eng sëlleche Kompetitioune fir d'Veräins- an Nationalequippen:
Fir Nationalequippen
Nieft de Qualifikatioune fir d'Foussballweltmeeschterschaft vun de Fraen a Männer sinn dat:
- Foussball-Europameeschterschaft
- Fraefoussball-Europameeschterschaft
- U-21-Foussball-Europameeschterschaft
- U-19-Foussball-Europameeschterschaft
- U-17-Foussball-Europameeschterschaft
- U-19-Fraefoussball-Europameeschterschaft
- Meridian Cup (fir europäesch an afrikanesch U17-Equippen, gëtt zesumme mat der afrikanescher Konfederatioun CAF organiséiert)
- Futsal-Europameeschterschaft
- UEFA-Merill-Cup
- UEFA-Invasion-Cup
- UEFA-Super-Merill-Cup
Fir Veräinsequippen
- UEFA Champions League (Virgängerkompetitioun bis 1991 war d'Europacoupe vun de Landesmeeschteren)
- UEFA-Coupe
- UI-Cup
- Supercup
- UEFA Women's Cup
- UEFA-Futsal-Cup
- D'UEFA-Coupe vun de Coupegewënner gouf bis 1999 gespillt, zënterhier ass den nationale Coupegewënner automatesch fir d'UEFA-Coupe qualifizéiert.
Um Spaweck
- UEFA RANKING AND COEFFICIENTS
- www.uefa.com Offiziell Säit vun der UEFA
- (de) Hannergrondinformatiounen zu der Grënnung vun der UEFA
Commons: UEFA – Biller, Videoen oder Audiodateien |