Supernova 1604
Ausgesinn
D‘Supernova 1604, och d‘Keplers Supernova oder Keplers Stär genannt, war eng galaktesch Supernova déi ongeféier op enger Distanz vun 6.000 Parsec (20.000 Liichtjoer) am Stärebild Ophiuchus (Ophiuchus) explodéiert war. Mat enger schäinbarer Hellegkeet vun -2,5 war si deen hellste „Stär“ um Nuetshimmel.
Déi éischt nowäisleche Observatioun huet den 9. Oktober 1604 stattfond. Den Astronom Johannes Kepler entdeckt d‘Supernova den 17. Oktober an publizéiert seng Ënnersich am Buch De Stella nova in pede Serpentarii („Vum neien Stär am Fouss vum Schlaangendroër“).
Koordinaten
- Rektaszensioun: 17h30.6m
- Deklinatioun: -21°29'