Dominique de Villepin
Dominique de Villepin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Dominique Marie François René Galouzeau de Villepin |
Gebuer |
14. November 1953 Rabat |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Institut d'études politiques de Paris, Universitéit vu Paräis, École nationale d'administration, Universitéit Paris-Nanterre, Universitéit Panthéon-Assas |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Schrëftsteller, Affekot |
Partei | Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République |
Famill | |
Kanner | Marie Steiss |
Den Dominique Marie François René Galouzeau de Villepin, gebuer de 14. November 1953 zu Rabat am Marokko, ass e franséischen Diplomat, UMP-Politiker, Schrëftsteller an Affekot.
Hie war ë. a. Premierminister vu Frankräich vum 31. Mee 2005 bis de 15. Mee 2007.
Hien ass besonnesch duerch seng Ried vum 14. Februar 2003 bekannt ginn, wéi e virum UNO-Sécherheetsrot den US-Amerikaner, déi een UNO-Mandat wollte kréien, fir iwwer den Irak hierzefalen, ee Kuerf ginn huet. Den amerikaneschen Aussemisister Colin Powell hat do - wéi spéider och bewisen - falsch "Beweiser" produzéiert an domat behaapt, de Saddam Hussein hätt Massevernichtungswaffen, déi praktesch d'ganz Welt géife bedreeën.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Famill a Jugend
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Arméiszäit
[änneren | Quelltext änneren]Den Dominique de Villepin huet säi Militärdéngscht als Offizéier um Fligerdréier Clemenceau bei der franséischer Marinn gemaach.
Zivil Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- 1980 - 1984: Sekretär vun den Affaires africaines et malgaches
- 1981 - 1984: Sekretär vum Centre d'analyse et de prévision
- 1984 - 1987: Éischte Sekretär an der franséischer Ambassade zu Washington
- 1987 - 1989: Zweete Conseiller an der franséischer Ambassade zu Washington
- 1989 - 1990: Zweete Conseiller an der franséischer Ambassade zu Nei-Delhi
- 1990 - 1992: Éischte Conseiller an der franséischer Ambassade zu Nei Delhi
- 1992 - 1993: Directeur-adjoint vun den Affaires africaines et malgaches zu Paräis
- 1996 - 1999: President vum Verwaltungsrot vum Office national des forêts
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- 1993 - 1995: Directeur de cabinet vum Ausseminister Alain Juppé
- Mee 1995 - Mee 2002: Generalsekretär vun der Présidence de la République
- Mee2002 - Mäerz 2004: Ausseminister an der Regierungen I an II vum Jean-Pierre Raffarin
- 31. Mäerz 2004 - 31. Mee 2005: Inneminister an der Regierung III vum Raffarin
- 31. Mee 2005 - 15. Mee 2007: Premierminister ënner dem President Jacques Chirac
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Parole d'exil; 1986.
- Le droit d'aînesse; 1988.
- Sécession;
- Élégies barbares;
- Les Cent-Jours ou l'esprit de sacrifice; Paräis (Perrin), 2001.
- Le cri de la gargouille; Paräis (Albin Michel), 2002.
- Éloge des voleurs de feu; Paräis (Gallimard), 2003.
- Le Requin et la Mouette; Paräis, 2004.
- Hôtel de l'insomnie; Paräis (Plon), 2008.
- La cité des hommes; Paräis (Plon), 2009.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Yves Derai & Aymeric Mantoux, L'homme qui s'aimait trop; Paräis (L'Archipel), 2005. ISBN 2-84187-753-1
- Jacques Julliard, Villepin ou le sabreur sabré; in: Le Nouvel Observateur, 04.-10. Mee 2006; S. 23.
- Anna Cabana, Villepin, la verticale du fou; Paräis (Flammarion), 2010.
- César Armand & Romain Bongibault, Dans l'ombre des présidents - Au coeur du pouvoir: Les secrétaires généraux de l'Élysée; Paräis (Fayard), 2016.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand-croix vum l'Ordre national du Mérite, 2005 als Premierminister.
- Grand-officier vum Ordre de Saint-Charles (Monaco), 1997[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dominique de Villepin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Ordonnance souveraine N° 13149 vum du 25 Juli 1997.