31. Mäerz
Ausgesinn
<< | Mäerz | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 |
2024 |
Den 31. Mäerz ass den 90. Dag vum Joer (91. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1084: De Géigepoopst Clemens III. kréint den Heinrich IV. zum Réimesch-däitsche Keeser.
- 1814: Paräis ergëtt sech den Alliéierten.
- 1889: Zu Paräis gëtt den Eiffeltuerm ageweit.
- 1905: Ufank vun der Éischter Marokkokris wéi den däitsche Keeser Wilhelm II. op Tanger a Marokko fiert, fir ze signaliséieren, hie wéilt vun elo un e Wuert do matzeschwätzen.
- 1930: An den USA trëtt den Hays Code fir amerikanesch Filmer a Kraaft.
- 1939: Groussbritannie garantéiert de Polen hir Hëllef am Fall vun engem Ugrëff duerch däitsch Truppen.
- 1940: Zu New York gëtt de modernste Fluchhafen vun der Welt, de La Guardia Airport opgemaach.
- 1949: Neifundland gëtt Deel vu Kanada.
- 1964: Mat Hëllef vum US-Geheimdéngscht CIA kënnt et zu engem Militärputsch géint de brasilianesche President João Goulart. D'Militär bleift bis 1985 un der Muecht.
- 1991: De Warschauer Pakt gëtt opgeléist.
- 2024: Rumänien a Bulgarien triede partiell dem Schengen-Raum bäi (Fluch- a Schëffsverkéier).
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1940: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Rotterdam 5:4 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp (2), Ernest Mengel, Paul Feller an Emile Everard geschoss.[1]
- 1968: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Emile Antony geschoss.[2]
- 1973: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Genua, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:5 géint Italien.[3]
- 1997: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:3 géint Israel.[4]
- 1999: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2000, 0:2 géint Bulgarien.[5]
- 2004: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Bosnien-Herzegowina. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.[6]
- 2015: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 1:2 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[7]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Henri II.
-
René Descartes
-
Joseph Haydn
-
Léon Bollendorff
-
Volker Schlöndorff
- 1519: Henri II., franséische Kinnek.
- 1596: René Descartes, franséische Philosoph.
- 1732: Joseph Haydn, éisträichesche Komponist.
- 1867: Karl Kohn, lëtzebuergesche Literat.
- 1880: Alfred Bertrang, belsche Philolog, Historiker a Politiker.
- 1880: Sean O'Casey, iresche Schrëftsteller.
- 1893: Clemens Krauss, éisträicheschen Dirigent.
- 1903: Willy Schütz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1905: Robert Stevenson, brittesche Filmregisseur.
- 1907: Jean Meylender, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1908: Philip Keenan, US-amerikaneschen Astronom.
- 1915: Léon Bollendorff, lëtzebuergesche Politiker.
- 1927: Joseph Noerden, lëtzebuergesche Schauspiller an Dichter.
- 1927: Yola Reding, lëtzebuergesch Molerin.
- 1932: Fred Karen, lëtzebuergesche Militärhistoriker.
- 1933: Hedwig Bilgram, däitsch Organistin an Cembalistin.
- 1936: Henri Damme, lëtzebuergesche Foussballspiller
- 1937: Raymond Schummer, lëtzebuergesche Ringer.
- 1939: Volker Schlöndorff, däitsche Regisseur.
- 1948: Al Gore, US-amerikanesche Politiker.
- 1957: Franco Coppola, italieenesche Geeschtlechen.
- 1970: Alenka Bratušek, sloweenesch Politikerin.
- 1970: Claude Steyer, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 1971: Ewan McGregor, schottesche Schauspiller.
- 1972: Alejandro Amenábar, chileenesche Filmregisseur.
- 1974: Claude D. Conter, lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler.
- 1979: Francis Manderscheid, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 1984: Laurent Bram, lëtzebuergeschen Tennisspiller an -trainer.
- 1987: Humpy Koneru, indesch Schachgroussmeeschterin.
- 1987: Sammy Wagner, lëtzebuergesche Politiker.
- 1989: Gilles Bettmer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1989: Samanta Tīna, lettesch Sängerin.
- 1990: Tom Thill, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1991: Sophie Mousel, lëtzebuergesch Schauspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1328: Charles IV., Kinnek vu Frankräich.
- 1547: Charles I., Kinnek vu Frankräich.
- 1547: François I., Kinnek vu Frankräich.
- 1727: Isaac Newton, brittesche Philosoph a Mathematiker.
- 1765: Constantia von Cosel Maîtresse vum August dem Staarken
- 1776: John Bird, britteschen Astronom a Fabrikant vu wëssenschaftlechen Instrumenter.
- 1855: Charlotte Brontë, brittesch Schrëftstellerin.
- 1867: Jean-Baptiste Fresez, Lëtzebuerger Moler.
- 1869: Antoine Namur, lëtzebuergeschen Historiker a Professer am Athenäum.
- 1895: Theodor Brorsen, däneschen Astronom.
- 1932: Thomas David Anderson, schotteschen Amateurastronom.
- 1945: Hans Fischer, däitsche Cheemiker a Medezinner, Nobelpräisdréier.
- 1945: Pierre Goedert, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 1948: Egon Erwin Kisch, Journalist a Reporter.
- 1967: Léon Thurm, lëtzebuergesche Resistenzler a Lokalpolitiker.
- 1974: Andrea Checchi, italieenesche Schauspiller.
- 1980: Jesse Owens, US-amerikanesche Liichtathleet.
- 1991: Édouard Widung, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 1994: Léon Degrelle, belsche Politiker a Kollaborateur.
- 1997: Lyman Spitzer, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 1998: Massimo Franciosa, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2001: Jean-Marc Bory, Schwäizer Schauspiller.
- 2002: Tonino Cervi, italieenesche Filmregisseur.
- 2008: Jules Dassin, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 2009: Raúl Alfonsín, argentinesche Politiker a Staatspresident.
- 2016: Hans-Dietrich Genscher, däitsche Politiker.
- 2016: Zaha Hadid, irakesch-brittesch Architektin.
- 2016: Imre Kertész, ungaresche Schrëftsteller a Literaturnobelpräisdréier.
- 2017: James Rosenquist, US-amerikanesche Pop-Art-Kënschtler.
- 2017: Stenia Zapalowska, polnesch-lëtzebuergesch Dänzerin.
- 2024: Barbara Rush, US-amerikanesche Schauspillerin.
- 2024: Aly Kridel, lëtzebuergeschen Automobilsportler.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 31. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 31. Mäerz 1940 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 31. Mäerz 1968 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 31. Mäerz 1973 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Israel den 31. Mäerz 1997 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien den 31. Mäerz 1999 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 31. Mäerz 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Tierkei vum 31. Mäerz 2015 op der Websäit EU-Football.info