Wir sind Helden
Wir sind Helden | |
---|---|
Wir sind Helden (2005) | |
Genre | Pop-Rock |
Land: | Däitschland |
Grënnung | 2001 |
Websäit | www.wirsindhelden.com |
Bandmemberen | |
Gesank, Gittar, Text: | Judith Holofernes |
Gittar, Keyboard: | Jean-Michel Tourette |
Batterie: | Pola Roy |
Bass, Gittar: | Mark Tavassol |
Wir sind Helden ass eng däitsch Pop-Rockband déi 2000 gegrënnt gouf an zu den erfollegräichsten däitschesproochege Gruppe vun den 2000er gehéieren. Am Abrëll 2012 huet si bekannt ginn, datt si bis op Weideres eng Paus géifen aleeën.
Bandgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ouni Majorlabel koum Wir sind Helden 2002 mam Lidd Guten Tag an déi däitsch Single-Charts. E Joer méi spéit ass hiren Album Die Reklamation verëffentlech ginn, deen et an där éischter Woch direkt op Plaz 6 vun den däitschen Album-Charts gepackt huet an duerno souguer Plaz 2 erreecht huet. En zielt zu de meeschtverkaaften Albume vun de Joren 2003 an 2004 n Däitschland. Och 2005 hu si mat hirem zweeten Album Von hier an blind direkt an der éischter Woch op d'Spëtzepositioun koum. Och hiren éischten Album ass no der Verëffentlechung vum zweeten erëm bis op d'Plaz 38 an den Charts geklomm.
Zu där Zäit hu si och japanesch- a franséischsproocheg Versioune vun hire Lidder opgeholl, éier am Mee 2007 den drëtte Studiosalbum Soundso op de Maart koum. 2008 huet d'Band d'Buch Wir sind Helden – Informationen zu Touren und anderen Einzelteilen publizéiert.
No enger Paus ass d'Grupp 2010 erëm an de Studio gaange fir de véierten Album opzehuelen. Bring mich nach Hause ass 2010 erauskomm. Am Fréijoer 2012 huet d'Band op hirer Websäit erkläert, datt si géife fir eng onbestëmmt Zäit eng Paus maachen.
D'Helden, wéi se och nach genannt ginn, ginn als Virreider vun enger Beweegung ugesinn, aus där eraus am Joer 2004 weider jonk däitsch Bands wéi Silbermond a Juli entstane sinn.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]Albumen
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Titel | Chartpositiounen [1] | Verëffentlechungsdatum | ||
---|---|---|---|---|---|
DE | AT | CH | |||
2003 | Die Reklamation | 2 | 3 | 38 | 4. Juli 2003 |
2005 | Von hier an blind | 1 | 1 | 5 | 1. Abrëll 2005 |
2007 | Soundso | 2 | 2 | 11 | 25. Mai 2007 |
2010 | Bring mich nach Hause | 1 | 1 | 13 | 27. August 2010 |
2011 | Tausend wirre Worte - Lieblingslieder 2002-2010 | 12 | 50 | 87 | 21. Januar 2011 |
Singles
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Titel | Chartpositiounen [1] | Verëffentlechungsdatum | ||
---|---|---|---|---|---|
DE | AT | CH | |||
2003 | Guten Tag Die Reklamation |
53 | – | – | 3. Februar 2003 |
2003 | Müssen nur wollen Die Reklamation |
57 | – | – | 12. Mee 2003 |
2003 | Aurélie Die Reklamation |
47 | – | – | 15. September 2003 |
2004 | Denkmal Die Reklamation |
26 | 41 | – | 19. Januar 2004 |
2005 | Gekommen um zu bleiben Von hier an blind |
24 | 4 | 39 | 28. Februar 2005 |
2005 | Nur ein Wort Von hier an blind |
28 | 13 | – | 17. Mee 2005 |
2005 | Von hier an blind Von hier an blind |
42 | 53 | – | 30. September 2005 |
2006 | Wenn es passiert Von hier an blind |
41 | 34 | – | 13. Januar 2006 |
2007 | Endlich ein Grund zur Panik Soundso |
34 | 32 | – | 27. Abrëll 2007 |
2007 | Soundso Soundso |
62 | – | – | 6. Juli 2007 |
2007 | Kaputt Soundso |
69 | – | – | 9. November 2007 |
2008 | Die Konkurrenz Soundso |
– | – | – | 28. Mäerz 2008 |
2010 | Alles Bring mich nach Hause |
36 | – | – | 20. August 2010 |
2010 | Bring mich nach Hause Bring mich nach Hause |
90 | – | – | 5. November 2010 |
2011 | Alles auf Anfang Bring mich nach Hause |
63 | – | – | 25. Februar 2011 |
2011 | Die Ballade von Wolfgang und Brigitte Bring mich nach Hause |
99 | – | – | 12. August 2011 |
Auszeechnungen a Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]Echo:
- 2004: Bester nationaler Radio-Nachwuchs
- 2004: Bester Newcomer National
- 2004: Bestes deutsches Newcomer-Video
- 2004: Marketing (fir d'Museklabel EMI)
- 2006: Beste nationale Rock/Pop-Gruppe
- 2003: Bester Newcomer
- 2004: Bester Live-Act
- 2005: Bestes Album (Von hier an blind)
- Eins Live-Kroun als "Bester Newcomer" 2003 an als "Bester Live-Act" 2004
- ECHO 2006 an der Kategorie:
- Bescht national Rock-/Pop-Grupp
European Border Breakers Award
- 2005: Die Reklamation
- 2009: Text Rock/Pop (Judith Holofernes)
Wir sind Helden zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Stad Lëtzebuerg um Knuedler, de 5. Juli 2003
- Esch-Uelzecht um Terres Rouges, de 5. September 2004 (als leschte Concert vun hirer Tournee)
- Stad Lëtzebuerg am Atelier, de 27. Oktober 2005 (Tourneeoptakt)
- Stad Lëtzebuerg am Atelier, de 24. September 2007 (Tourneeoptakt)
- Stad Lëtzebuerg am Atelier, den 18. Oktober 2010 (zweete Concert vun der Tournee)[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wir sind Helden – Biller, Videoen oder Audiodateien |